Nejoerschpatt Chambre des Métiers2026 kéint e Schlësseljoer fir d'Handwierk ginn

Claudia Kollwelter
De Secteur bleift trotz schwierege Konditioune weider engagéiert, responsabel an optimistesch, heescht et vum President vun der Chambre des Métiers.
Den Tom Oberweis
Nejoerschpatt Chambre des Métiers

Nejoerschpatt Chambre des métiers / Rep. Claudia

“Ouni déi richteg Ingrediente gëtt d’Brout vun der Zukunft net gebak!” Dat sot de President vun der Chambre des Métiers Tom Oberweis op hirem Neijoerschpatt en Donneschdeg am fréien Owend. D’Handwierk géif weider ënner Drock stoen, mä 2026 kéint en decisiivt Joer fir de Secteur ginn.

E besonnesch groussen a strukturelle Problem fir d’Chambre des Métiers ass a bleift de Manktem u bezuelbarem Wunnraum, deen et dem Handwierk ëmmer méi schwéier mécht, qualifizéiert Leit ze fannen an ze halen. De Logementsproblem gëtt als wirtschaftlech Gefor ugesinn, déi an den Ae vum Tom Oberweis och net duerch eng Erhéijung vum Mindestloun geléist ka ginn, well dëst d’Betriber nach méi géif belaaschten. De Bausecteur géif weider schrumpfen an domat wichtege Know-how verluer goen. Dat wier e geféierleche Kreeslaf fir Wunnraum a Wirtschaft.

Manktem u Stabilitéit a Previsibilitéit

Zanter dem Ufank vun der Legislatur wieren zwar e puer wichteg Accente gesat ginn, notamment wat Formatiounen oder fiskal Mesuren uginn, an awer wier a puncto Ofbau vun der Bürokratie oder der Kompetitivitéit nach massiv Loft no uewen. Konkret Mesurë wieren um Terrain einfach nach ëmmer net ze spieren, bedauert den Tom Oberweis.

De “Lëtzebuerger Modell” hätt an de leschte Méint a Joren net just gelidden, mä géif och einfach net méi duergoen. En “Dialogue des sourds” huet de President vun der Handwierkerkummer de Sozialdialog genannt an ënnerstrach, datt een esou kengeswees fäerdeg bréngt, d’Aarbechtswelt vu muer ze preparéieren. Defie wéi d’ökologesch an d’digital Transitioun oder d’Integratioun vun enger neier Generatioun an den Aarbechtsmarché géifen eng Erneierung an eng nei Opstellung vun de Betriber verlaangen.

Adequaten a kohärente Statut vum Independant

D’Handwierk, wat 20 Porzent vum Emploi an den Entreprisen zu Lëtzebuerg ausmécht, géif kloer als Secteur vun der Zukunft gëllen an dat misst och deementspriechend valoriséiert ginn, huet den Tom Oberweis ënnerstrach. An dozou géif och e klore Statut vum Independant gehéieren, op deen een nach ëmmer géif waarden.

Weider fuerdert de President vun der Chambre des Métiers, datt d’“Talent Attraction”-Strategie endlech ëmgesat gëtt. D’Politik soll awer net alles regléieren: “Gidd eis e Kader a loosst ons ootmen an deem Kader. Ze vill Reegele brénge keng Sécherheet, mee veronsécheren den Handwierker, deen net méi weess, wat en däerf oder net däerf.”

Trotz schwiereger Situatioun weider optimistesch

Den Tom Oberweis huet a senger Ried net forcement e rosegt Bild vun der aktueller Situatioun am Handwierk gezeechent, an awer um Schluss ervirgehuewen, datt de Secteur trotz schwierege Konditioune weider engagéiert, responsabel an optimistesch bleift.

Mat Vertrauen, Previsibilitéit an Handlungsspillraum kéinten d’Erausfuerderunge vun 2026 a gemeinsam Chancë fir d’Zukunft ëmgewandelt ginn, sou nach d’Wieder vum President vun der Chambre des Métiers.

Back to Top
CIM LOGO