Kuerz virun 11 Auer huet et op der N5 tëscht Schuller a Käerjeng gerabbelt. Dräi Gefierer waren hei net laanschtenee komm, dorënner ee Pickup an zwou Camionnetten. Eng Camionnette ass duerch de Schock um Daach nieft der Strooss gelant.
Duerch den Accident koum et an deem Beräich zu gréissere Perturbatiounen am Trafic.