Nei Entwécklung an der Caritas-AffärItalien stoppt virleefeg d'Ausliwwerung vu presuméierter Täterin

RTL Lëtzebuerg
Am Juni war eng 41 Joer al Italieenerin zu Roum festgeholl ginn. Si kritt reprochéiert, eng wichteg Roll beim presuméierte Caritas-Bedruch gespillt ze hunn.
Duerch d'Caritas-Affär ass e Schued a Milliounenhéicht entstanen.
© RTL / Archiv

Nei Entwécklung an der Caritas-Affär: Italien stoppt virleefeg d'Ausliwwerung vun der Clarissa La Porta op Lëtzebuerg. Dat huet d'Wort gemellt.

Déi 41 Joer al Italieenerin war am Juni zu Roum festgeholl ginn, nodeems Lëtzebuerg en europäesche Mandat d’arrêt géint si ausgestallt hat.

Dat italieenescht Cassatiounsgeriicht huet d'Ausliwwerung elo awer gestoppt. De Grond dofir si seriö gesondheetlech Problemer. D'Fra huet ënner anerem Häerz- a Longeproblemer an huet opgrond vun enger Tumeur eng Nier erausgeholl kritt. Dem Geriicht no goufen déi gesondheetlech Risike bei der éischter Decisioun net genuch berécksiichtegt.

Der Italieenerin gëtt reprochéiert, eng wichteg Roll beim presuméierte Caritas-Bedruch gespillt ze hunn. Si soll fiktiv Entreprisë gegrënnt a Bankkonten a verschiddenen europäesche Länner opgemaach hunn, iwwer déi verontreit Suen transferéiert goufen.

De Fall geet elo zeréck bei dat italieenescht Appellsgeriicht, dat nei entscheede muss. D'Ausliwwerung ass also nach net definitiv vum Dësch. 

Et gëllt d'Présomption d'innocence.

Back to Top
CIM LOGO