Et war déi véiert Reunioun vun der "European Coalition on Civil Preparedness and Resilience", déi am Mee 2025 op Initiativ vun Holland an d'Liewe geruff gouf.
Lëtzebuerg war vun Ufank u mat dobäi. Bannent annerhallwem Joer ass d’Koalitioun vu sechs op zwielef Memberlänner gewuess.
Am Mëttelpunkt steet d'Resilienz vun der ziviller Gesellschaft. Wéi kann e Land am Krisefall weider funktionéieren an d'Versuergung vun der Bevëlkerung garantéieren?
"D'Resilienz kennt keng Grenzen", betount de Lëtzebuerger Inneminister Léon Gloden. Onofhängeg vun der geographescher Lag kéint all Land Affer vun hybriden Attacke ginn. "D'kollektiv Sécherheet hänkt dovunner of, datt mer zesummen antizipéieren, datt mer eis zesumme virbereeden a gemeinsam reagéieren."
Déi nächst Woch wëll d'EU-Kommissioun eng gemeinsam Analys vun de Risiken a Menacen an de 27 EU-Memberstaate publizéieren. Dorop opbauend sollen ënner anerem Recommandatioune fir strategesch Reserven ausgeschafft ginn.
"Mir sinn eis ëmmer méi bewosst, datt mir zwar net am Krich sinn, mee och net a Fridden", esou d'EU-Kommissärin fir Krisepreparatioun Hadja Lahbib.
Déi gréisste Schwächt gesäit d'Kommissärin an der Mentalitéit vun de Leit. Menacë wieren haut vill méi perfid a kéinten och a Form vu massiven Desinformatiounscampagnen optrieden.
Mat dobäi zu Buerglënster war och déi ukrainesch Expertin Valeria Ivanova, Co-Autorin vum Buch Unbreakable Cherson. D'Ukrain huet an de leschte Jore misse léieren, hir staatlech Institutiounen, d'Energieversuergung an d'Kommunikatioun trotz stännegen Attacken um Lafen ze halen.
"Dat si keng theoretesch Iddien, mee reell Decisiounen, reell Feeler a Léisungen, déi ënner ganz schwierege Konditioune getest goufen", esou d'Expertin.
Europa hätt d'Méiglechkeet, aus dësen Erfarungen ze léieren, nach éier eng Kris ausbrécht.
Och déi eenzel Bierger si gefuerdert. Zu Lëtzebuerg gouf viru Kuerzem am Kader vun der Campagne "Lëtz Prepare" eng Informatiounsbroschür un all Stot verschéckt. D'Populatioun soll am Noutfall op d'mannst 72 Stonnen autonom eens kënne ginn. Recommandéiert gëtt ënner anerem, Reserven u Waasser, Liewensmëttel a Medikamenter doheem ze hunn.
"Et ass net fir Angscht ze kreéieren, bien au contraire, et ass fir d'Angscht ewechzehuelen", betount de Léon Gloden.
D'Ambitioun vun der Koalitioun ass et, an Zukunft nach weider EU-Memberstaaten dobäizekréien.
Fir de Lëtzebuerger Inneminister ass kloer: "Déi nächst Kris kënnt sécher, mee d'Kris däerf net zu enger Katastroph ginn."