
Et gëtt eng Reaktioun vun der UCI am Dossier Cyclocross-Europameeschterschaft. En Donneschdeg gouf déi Lëtzebuerger Vëlosfederatioun informéiert, datt ee vu Säite vum internationale Verband kee Feeler am Dossier ronderëm d'Decisioun vun de Kommissäre géif gesinn. Viru ronn zwou Wochen hat d'Marie Schreiber hir Victoire vun der Course zu Gonschte vun der Weltmeeschterin Lucinda Brand oferkannt kritt a war op déi 2. Plaz deklasséiert ginn.
"Dat ass wat mir vun der UCI als Erklärung kruten. Déi Äntwert ass e bëssen allgemeng gehalen. Si gesinn net, datt do e gréissere Feeler geschitt wier. Mir wëllen dat awer net sou hinhuelen. An eisem Conseil d'Administration wäerte mer elo decidéieren, wéi mer weider wëlle virgoen. Mir wëllen den Dossier sou net zoumaachen, a virun allem d'UCI en net sou einfach zoumaache loossen."
Och d'Marie Schreiber an hiren Entourage goufen iwwer déi Äntwert vun der UCI informéiert. D'UCI ass deemno net konkret op déi gestalte Froe vun der Federatioun agaangen.