
Am Lokale war e Méindeg den Owend, respektiv an der Nuecht op en Dënschdeg, wéinst dem Schnéi, dee plazeweis gefall ass, méi lass op eise Stroossen. Ugefaangen um 17.30 Auer zu Schëffleng, wou en Auto accidentéiert ass. Eng Persoun gouf hei blesséiert.
Géint 23.20 Auer war zu Fenteng e Camion vun der Strooss ofkomm an ëmgetippt. Dobäi sinn zwou Persoune blesséiert ginn, ëm déi sech nieft de lokale Secouristen och de Stater Samu gekëmmert huet.
Den Noutdokter vun Esch war da géint 02.00 Auer op der Nationalstrooss tëscht Elleng-Gare a Réimech gefuerdert, wou sech en Auto iwwerschloen hat an och zwou Persoune blesséiert gi sinn.
Zu Beetebuerg an der Aktivitéitszon Wolser gouf et kuerz no 02.00 Auer e Feier an engem Betrib. Eng Filteranlag war a Brand geroden. D’Pompjeeën aus der ganzer Géigend waren op der Plaz, wéi och de Grupp vum CGDIS, deen op cheemesch Protektioun spezialiséiert ass.
Gebrannt hat et och nach zu Aasselbuer. Kuerz virun 19 Auer hat eng Pellets-Chaudière Feier gefaangen.