
Um 13:31 Auer war et zu Esch an der Rue Jean-Pierre Bausch zu engem Vegetatiounsbrand komm. Et gouf kee Mënsch verwonnt.
Um 13:50 Auer krute sech tëscht Béiwen a Léifreg ee Motocyclist an en Auto ze paken. 2 Leit goufe blesséiert.
Um 14:24 Auer gouf tëscht Bieles an der Route d'Esch eng Persoun ugestouss. Heibäi gouf et ee Verwonnten.
Tëscht Hamm a Sandweiler dann ass um 16:11 Auer een Auto an e Bam gerannt.
Et huet och eng Wiss gebrannt tëscht Housen a Maarnech.