
D’Wanteraktioun bereet sech mat 38 zousätzleche Better op déi kal Temperature vir. Dat huet d’Habla Lassouani vun Dräieck a.s.b.l. um Mikro vun RTL Infos präziséiert. An den nächsten Deeg riskéiert den Thermometer op -6 Grad ze falen. D’Noutstruktur um Findel ass wärend de kale Méint vum Joer fir d’Sans-abrien op. An der Reegel vum 15. November bis de 15. Abrëll. D’Wanteraktioun huet eng Kapazitéit vun 250 Better, déi awer bei extremer Keelt oder bei enger héijer Unzuel un neie Beneficiaire kann no uewen ugepasst ginn, op 300 Better.