CGDIS4 Blesséierter bei 3 Accidenter um Samschdeg am Nomëtteg

RTL Lëtzebuerg
Géint 11.30 Auer schonn hate sech 2 Autoen ze pake kritt an der Rue de Niederkorn zu Péiteng. Eng Persoun gouf verwonnt.
© RTL

Um 13 Auer hat een Automobilist tëscht Iernzen a Kéideng een Accident. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.

Géint 15.35 Auer war et eng Kollisioun tëscht 2 Autoen tëscht Wuermer an Ohn. Heibäi goufen et 2 Verwonnter.

Back to Top
CIM LOGO