
Tëscht Uewerfeelen a Mäerzeg ass um 21.45 Auer e Motorradsfuerer gefall a gouf blesséiert.
Zwou Persoune sinn tëscht Esch a Bieles verwonnt ginn, wéi zwee Autoen aneneegerannt sinn. Hei war ënnert anerem och de Samu op der Plaz.
Grad wéi tëscht Obeler a Leideleng. An deem Accident géint 22.30 Auer ass eng Persoun blesséiert ginn, wéi e Motocyclist an en Auto matenee kollidéiert sinn.
Da war zu Uespelt géint 11 Auer e Cyclist gefall a gouf verwonnt a puer Minutte méi spéit e Motorradsfuerer tëscht Roudemer a Jonglënster. A béide Fäll gouf eng Persoun blesséiert.
Beim Materialschued blouf et, wéi sech bei Nidderfeelen zwee Ween ze pake kruten.