
Kuerz virun 18 Auer war en Automobilist zu Bartreng wéinst senger Fuerweis opgefall a kontrolléiert ginn. Den Alkoholtest war positiv ausgefall, wouropshin hien de Fürerschäin huet missten ofginn.
Um Fridhaff konnt géint 21 Auer e Chauffer gestoppt ginn, dee virop scho wéinst sengem Fuerstil an enger liichter Kollisioun mat engem aneren Auto gemellt gouf. Bei der Kontroll war den Alkoholtest positiv ausgefall an d’Beamten hunn de Permis agezunn.
Och d’Fuerweis vun engem Automobilist, dee géint 1.30 Auer zu Hollerech a Richtung A4 ënnerwee war, war opfälleg. De Mann gouf kontrolléiert an huet de Permis missen ofginn.
Am Garer Quartier hat kuerz viru 4 Auer eng Patrull e Chauffer kontrolléiert, bei deem Unzeeche vun erhéichtem Alkoholafloss festgestallt gouf. Den Alkoholtest war positiv an och hei gouf de Fürerschäin agezunn.
Géint Méindeg ze Mëtteg war et dunn eng Kollisioun tëscht 2 Autoen zu Esch. Derbäi goufen 2 Persoune blesséiert.