Am Arrest ënnerbruechtAlkoholiséiert Persoune suerge fir e puer Policeasätz an der Stad

RTL Lëtzebuerg
E Freideg an och an der Nuecht op e Samschdeg hunn an der Stad e puer alkoholiséiert Persoune fir Ierger gesuergt.
Véier Persoune sinn an der Stad an den Arrest komm, well se eng Gefor fir sech an hir Matmënsche waren.
© Laurent Weber

Am Laf vum Freideg an an der Nuecht op e Samschdeg huet d'Police an der Stad e puer Mol missen intervenéieren, well staark alkoholiséiert Persoune fir Tëschefäll gesuergt hunn.

E Freideg géint 13:30 Auer war der Police gemellt ginn, datt eng alkoholiséiert Persoun an der Avenue Monterey Autoe géif beschiedegen. Op der Plaz hunn d'Beamten e Mann ugetraff a Schied un zwee Gefierer festgestallt. Well de Mann staark alkoholiséiert war an eng Gefor fir sech selwer an aner Persounen duergestallt huet, gouf hien no enger medezinescher Kontroll am Arrest ënnerbruecht. D'Schied un de Gefierer goufe protokolléiert.

Géint 19:40 Auer gouf e Vol an engem Supermarché op der Place de la Gare gemellt. De presuméierten Täter war no der Dot geflücht, konnt awer kuerz drop vun der Police gestallt ginn. De Mann, deen ënner Alkoholafloss stoung, huet sech der Police géintiwwer wéineg kooperativ gewisen. Och hie gouf am Arrest ënnerbruecht.

Kuerz no 20:00 Auer hat eng weider staark alkoholiséiert Persoun op der Place de la Gare Passante belästegt a war ëmmer nees ouni ersiichtleche Grond op d'Strooss gesprongen. Wärend dem Policeasaz goufen d'Beamten e puer Mol ugebrëllt an ugespaut. Och dës Persoun ass am Arrest ënnerbruecht ginn.

Géint 3:30 Auer an der Nuecht op e Samschdeg hat d'Police vu Sécherheetsbeamten en Abrochversuch an engem Chalet op der Place d'Armes gemellt kritt. De presuméierten Täter konnt kuerz drop ugetraff ginn. Well de Mann staark alkoholiséiert war an eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, gouf och hien an enger Ausniichterungszell ënnerbruecht. Géint hien ass eng Plainte wéinst Abrochversuch gemaach ginn.

Back to Top
CIM LOGO