Coronavirus zu Lëtzebuerg400 Neiinfektiounen an 265 Reinfektioune bei 1.957 PCR-Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, ëm zwee op 1.177 geklommen ass.
© RTL

Aktuell sinn 45 Persounen hospitaliséiert, dovunner läit ee Patient op der Intensivstatioun. D’Santé mellt 400 Neiinfektiounen an zousätzlech 265 Reinfektiounen, en Total vun 665. Als reinfizéiert gëlle Leit, bei deenen op d’mannst 90 Deeg tëscht zwee positive PCR-Tester louchen.

Am Ganze goufe bis ewell 1.292.638 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 176 waren ergänzend Dosen, fënnef Persoune kruten eng éischt Sprëtz an dräi goufen e Méindeg fir d’zweet geimpft.

D’Reproduktiounszuel läit bei 0,14. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO