
Virop hätte vill Baueren den Ament gréisser finanziell Enkpäss, heescht et vun der Bauerenzentral. D'Käschte fir Energie an Dünger wieren explodéiert, wärend d'Präisser fir landwirtschaftlech Produiten ëmmer weider an de Keller falen.
No der Dréchent am Summer misste vill Baueren och nach deiert Fudder bäikafen an dat géing zu gréissere Liquiditéitsproblemer féieren. Dofir gëtt gefuerdert, datt staatlech Bäihëllefe méi séier ausbezuelt ginn. Am Fréijoer hätt ee wéinst dem deieren Dünger eng "Sofort-Hilfe" versprach kritt. Dovun hätt een nach kee Cent gesinn an domadder misst ee fréistens 2027 rechnen.
Donieft géing et un enger laangfristeger Visioun feelen. Déi lescht 16 Joer wier d'Zuel vun de Betriber vun 2.200 op 1.800 zeréckgaangen. Et géif un engem Kompass feelen, wéi d'Betriber sech an Zukunft entwéckele sollen. Och den Uebst- a Geméisbau, dee promouvéiert gouf, wier an esou dréchene Joer wéi dësem net sou einfach ëmzesetzen. Mee ouni Bauere géing et keng Liewensmëttelsouveränitéit ginn, erkläert de President vun der Bauerenzentral Christian Wester.
Kritik gëtt et och bei der Reform vun der Grondsteier a fir genee ze sinn un der geplangter Mobiliséierungssteier op onbebautem Bauland. D'Ausname fir landwirtschaftlech Familljebetriber géifen net wäit genuch goen. Si sollen dofir op Familljemembere bis an den drëtte Grad ausgedeent ginn. Land ass fir de Bauer Handwierksgeschier an net e Spekulatiounsobjet. Et géing ee mat deem Sujet aktuell vun engem Minister bei den nächste geschéckt ginn, well kee sech dofir verantwortlech fillt. Dofir fuerdert d'Bauerenzentral eng kloer Positioun vun der Regierung.