Schätzunge vun der CNS420 Uriff pro Dag am Schnatt, fir de Suivi vun enger Demande ze froen

RTL Lëtzebuerg
D'Gesondheetskeess CNS kritt, Schätzungen no, all Dag am Duerchschnëtt 420 Telefone vu Leit, déi eng Fro zu engem Suivi vun enger Demande hunn.
© RTL

Dat äntwert d'Sozialministesch Martine Deprez e Méindeg op eng parlamentaresch Fro vun der DP-Deputéiert Corinne Cahen. 420 Uriff den Dag oder 9.200 de Mount, dat géing 17 % vun all den Appeller bei der CNS entspriechen.

D'Mataarbechter vun der CNS géingen ëmmer versichen, d'Demandë vun Assuréen esou séier ewéi méiglech ze traitéieren, esou d'Ministesch. Dat obwuel telefonesch Demanden kenge gesetzlechen oder statutaresch Delaien ënnerleien.

D'Martine Deprez schreift dann och nach, datt d'CNS virgesäit, d'Echangë vun Dokumenter mam Assuré no an no ze digitaliséieren. No enger rezenter Etud wiere verschidde Piste fir Verbesserungen identifizéiert ginn. Wat déi Piste genee sinn, gëtt net präziséiert.

Hei geet et bei déi entspriechend parlamentaresch Fro, mat der Äntwert vum Ministère!

Back to Top
CIM LOGO