Am Kader vun enger Kontroll58 Kilogramm Cannabis am Cargo Center um Findel saiséiert

RTL Lëtzebuerg
De Parquet mellt eng gréisser Drogesaisie am Cargo Center um Findel.

Am Kader vun de gewéinleche Kontrolle wier de Beamten eng suspekt Charge aus Singapur opgefall, déi um Wee op Mailand war. Doropshi gouf d'Charge méi genee kontrolléiert: Ënnert enger Sëtzbänk goufen dunn 58 Kilogramm Marihuana fonnt.

Am Communiqué preziséiert de Parquet, datt déi Kriminell ëmmer méi kreativ ginn, wann et drëms geet, Drogen ze verstoppen. Eng Enquête gouf opgemaach.

D'Schreiwes vum Parquet

Back to Top
CIM LOGO