Am DezemberAfD-Spëtzekandidat Ulrich Siegmund wëll sech Vott zum Ministerpresident stellen

RTL Lëtzebuerg
No der däitlecher Walvictoire vun der AfD a Sachsen-Anhalt huet de Spëtzekandidat Ulrich Siegmund annoncéiert, datt hie sech am Dezember wëll zum Vott fir de Poste vum Ministerpresident stellen.
Dem Ulrich Siegmund seng AfD a Sachsen-Anhalt krut bei de Walen Ufank September déi meeschte Stëmmen.
Dem Ulrich Siegmund seng AfD a Sachsen-Anhalt krut bei de Walen Ufank September déi meeschte Stëmmen.
© PHILIP DULIAN/dpa Picture-Alliance via AFP

De rietse Politiker huet seng Decisioun bei enger Fraktiounssëtzung zu Magdeburg annoncéiert. A Sachsen-Anhalt annoncéiert sech d'Formatioun vun enger neier Koalitioun als schwiereg. D'AfD, déi am ëstleche Bundesland als rietsextreem agestuuft gëtt, gouf zwar mat 43,8 Prozent stäerkste Kraaft, ma krut keng absolut Majoritéit. Si misst sech deemno vum Bündnis Sahra Wagenknecht (BSW) toleréiere loossen.

Aktuell gesäit d'Sëtzopdeelung esou aus: d'AfD kënnt op 39 Sëtz - genee esou vill, wéi CDU, Linke, Grüne an SPD zesummen. Potentiell decisiv sinn deemno déi fënnef Sëtz vum BSW. D'AfD ass aktuell a Gespréicher mam BSW. Déi lénks Partei schléisst eng Koalitioun allerdéngs aus.

Iwwerdeems huet sech d'SPD dofir ausgeschwat, eng Enquête fir ee Verbuet vun der AfD an d'Weeër ze leeden. "D'AfD ass eng rietsextrem Partei", huet et en Dënschdeg an engem Beschloss zum Enn vun der Fraktionsvorsitzendenkonferenz geheescht. Si géif d'Gesellschaft ugräifen, Rassismus normaliséieren a géif d'Demokratie ënnergruewen.

Back to Top
CIM LOGO