Frauduléis Immigratioun6.000 Euro fir falsch Pabeieren an Demarchë bezuelt

Michèle Sinner
Jeeweils 12 Méint Prisong mat integralem Sursis kruten dräi Leit, dat wéinst falsche Pabeieren a Verstéiss géint Immigratiounsgesetz. Mee wéi koum de Mann un déi falsch Pabeieren?
© RTL

"Mäi Client hat kee Kontakt mat Beamten oder Employéeë vum Staat." Dat seet den Affekot Michel Karp. Hie vertrëtt eng vun deenen dräi Persounen, déi an der Affär ëm frauduléis Immigratioun e Jugement sur Accord ofgeschloss hunn.

D’Michèle Sinner huet mat him geschwat.

"Mäi Client, deen huet am Fong héieren, dass ee Landsmann, deen hei zu Lëtzebuerg wunnt a gutt implantéiert ass, dass deen him kënnt hëllefen, fir en Titre de séjour ze kréie vu Lëtzebuerg. An en huet sech also du mat deem a Kontakt gesat an deen huet him dat bestätegt an him och du gesot, hie brauch just nëmmen eng gewëssenen Zomm ze bezuelen an hie géif alles maachen, hie géif sech ëm alles bekëmmeren, dee Landsmann."

6.000 Euro huet de Mann bezuelt. Hie wier sech net bewosst gewiescht, datt dat problematesch wär.

"Hien huet déi Zomm bezuelt an en huet geduecht, e kritt fir seng Sue Prestatioun an e wosst net, dass dat illegal wär."

Fir déi Sue waren dat falsch Schouldokumenter a Sproochenzertifikaten. Obschonns hie bezuelt huet, gouf kee Virworf vu Korruptioun zeréckbehalen.

"Mäi Client hat jo am Fong näischt mat engem Fonctionnaire oder mat engem Employé vum Ministère de l'Immigration ze dinn. Hien hat just mat sengem Landsmann ze dinn an deen hat, well ech kennen deem säi Statut net, mee ech huelen un, dass dowéinst, well dat just en Intermediaire war, dass en dowéinst d'Korruptioun net a sengem Fall, also am Fall vu mengem Client zréckbehale ginn ass."

Him seng Demande fir eng Autorisation de séjour temporaire (AST) gouf am Juni 2020 eragereecht a gouf virun Enn dës Joers ausgestallt. 2024 gouf hien du vun der Police gehéiert. E Joer méi spéit goung et virun den Untersuchungsriichter an dëse Juni koum d’Offer vum Parquet, fir e Jugement sur accord ofzeschléissen. Fir säi Client fënnt de Michel Karp dat eng gutt Approche.

"Déi ganz Affär, déi huet jo e vill méi héijen Niveau. An do brauche mäi Client jo net onbedéngt mat eragesat ze ginn. Soudass de Parquet decidéiert huet, bon, Äre Client, deen huet souwisou d'Faiten zouginn. Sidd der d'accord? Dann ass fir hien d'Affär ofgeschloss. Hien huet dann eng Epée de Damoclès, huet hien iwwert sengem Kapp stoen. A fir hien ass et och gutt, wann déi Affär ofgeschloss ass."

Justement net ofgeschloss ass déi Haapt-Enquête, an där jo Korruptiounsvirwërf am Raum stinn.

"Dat wäert nach jorelaang daueren. A firwat muss mäi Client esou laang waarden? Hie wëll jo awer och wëssen, wou en drun ass, kënnen eppes Neies maachen a sengem Liewen."

D’Fro, wéi et elo fir déi Leit virugeet, konnt den zoustännege Minister Léon Gloden en Dënschden net beäntweren. De Michel Karp seet vu sengem Client:

"Hien huet elo hei zu Lëtzebuerg eng Aarbecht, déi awer guer näischt mat deene Faite vun 2020 ze dinn huet, hien huet elo och eng ganz aner Aarbecht, also déi jo iwwerhaapt näischt mat där Demande ze dinn huet, déi am Ufank gestallt ginn."

D’Affär ëm frauduléiser Immigratioun wäert eis net just bei der Justice, mee och op politeschem Plang nach méi laang beschäftegen.

Affekot äussert sech an Affär ëm frauduléis Immigratioun / Rep.: Michèle Sinner

Hei fannt Dir all d’Reportagë fir nozeliesen an ze lauschteren:

Back to Top
CIM LOGO