
Dat huet hien en Dënschdeg de Moien an der zoustänneger Chamberkommissioun erkläert, wéi de gréngen Deputéierte Meris Sehovic no der Reunioun sot.
Eng Informatioun, esou de Meris Sehovic géintiwwer vun RTL, "déi mer kritt hunn, ass awer och vum Direkter vun der Immigratioun gehéiert ginn ass als Suspect an där heiten Affär."
Dobäi goung eng éischt Denonciatioun am Januar 2023 awer wuel vum Jean-Paul Reiter aus.
"Wat mer haut de Moie matgedeelt kritt hunn, ass dass deen 1. anonymme Bréif aus dem Januar 2023 un den Direkter adresséiert war an dass et och den Direkter selwer war, deen dunn déi éischt Denonciatioun gemaach huet", esou de Meris Sehovic.
Deemno gouf et zwee anonym Schreiwessen. Eent un den Direkter Enn 2022 / Ufank 2023. An eent am Fréijoer d'lescht Joer, also 2025. De Léon Gloden hat no der Reunioun preziséiert: "Deen ass op den 31. Mäerz vun engem soi-disant Groupement vu Journalisten, déi awer net ënnerschriwwe sinn, mat enger Adress an der Areler Strooss, ass op den 31. Mäerz datéiert. Dee krut ech den 1. Abrëll. An dunn hu mer direkt beim Parquet denoncéiert. Dunn ass jo direkt déi Perquisitioun gemaach ginn."
Datt hien duerch en anonymt Schreiwes alertéiert gouf, net vu senge Beamten, huet de Minister sou erkläert: "Mir wousste jo och net -, dat ass ganz kloer och hei gesot ginn, vun de Beamten - mir wëssen haut jo nach net richteg d'Ampleur vum Déngen. Et ass ëmmer gemengt ginn, datt mir wieren e klengt Element vun engem Groussen. Dat ass och, dat huet den Här Reiter hei och kloer gesot, datt en déi Info och kritt hat, datt mir e klengen Deel vu méi enger grousser Affär wieren. Duerfir huet dat mech och elo net do erstaunt."
Eng aner Saach, op déi de Minister Léon Gloden higewisen hätt, esou de Meris Sehovic, ass "dass ee vun deenen dräi inculpéierten Agente vum Staat, dass en dovunner ausgoe géing, dass der zwee ënner senger Responsabilitéit wären a bei deem drëtten wéisst en net, ob dat elo en Agent wär aus sengem Ministère oder aus engem aneren".
Den Héichschoulministère, op deem d'lescht Woch och Perquisitioune waren, hat nach de selwechten Dag wéi de Parquet kommunizéiert, datt kee vu senge Mataarbechter inculpéiert wier. Dee Moment stoung de Compteur op 25 Inculpéiert. Ma dono goufen dräi weider Persoune virun den Untersuchungsriichter gefouert an inculpéiert. Den Héichschoulministère confirméiert awer en Dënschdeg op RTL-Nofro, datt kee vun de Mataarbechter inculpéiert wier.