
Am Dossier ronderëm illegal Immigratioun an der Immigratiouns-Direktioun, wou et ëm d'Virwërf vun Korruptioun, Dokumentefälschung, Subventiounsbedruch an d'Aschleisen vu Migrante geet, wieren ewell schonn dräi Leit verurteelt ginn. Dat mellt reporter.lu en Dënschdeg.
Et géif sech ëm dräi Leit aus dem Montenegro handelen, déi am Laf vum Juli, op Basis vun engem sougenannte "Jugement sur accord" mam Parquet jugéiert goufen. Si hätten deemno zouginn, dass si, mat Hëllef vu gefälschten Diplomer, hir Openthaltsgeneemegunge kruten.
D'Urteel heescht deemno ee Joer Prisong mat integralem Sursis an keng Geldstrof wéinst "Faux et usages de faux"
Am Ganze sinn an der Affär ronn 30 Leit inculpéiert. D'Enquête, an déi eng Rei Servicer vun der Police judicaire an puer Untersuchungsriichter involvéiert sinn, leeft weider.