Invité vun der Redaktioun (21. Juli) - Alexandra SchoosImmigratiounsaffär ass "e Staats- a Kontrollskandal"

François Aulner
En Dënschdeg de Moie war ënnert anerem d'Immigratioun Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Alexandra Schoos
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Wéi eng Kontrollmechanismen hunn net funktionéiert a wie wousst wat zu wéinegem Zäitpunkt? Dat sinn d'Froen, déi d'Politik elo an der Affär ëm illegal Immigratioun interesséieren, esou d'ADR-Deputéiert a Parteipresidentin Alexandra Schoos en Dënschdeg de Moien hei op RTL. D'Politik soll sech net an d'Enquêten, déi nach lafen amëschen, mee d'Affär wier an hiren Ae awer schonn e "Staats- a Kontrollskandal".

Et wier en Zeechen, ewéi de Staat géing funktionéieren: dacks "weess "A" net méi wat "B" mécht", sou d’Alexandra Schoos. D'ADR ass fir e staarken Dateschutz, mee hir Parteipresidentin huet fonnt, datt et net onbedéngt e Problem ass, wann Donnéeën ausgetosch ginn, notamment am Beräich vun der administrativer Vereinfachung. Et misst just kloer gereegelt sinn, wien Zougrëff op Donnéeën huet a wat en domadder kéint maachen.

D'Alexandra Schoos huet vill méi d'Fro vun der Kontroll an der Effikassitéit vum Staat an de Virdergronn gestallt: "Kriminell Energie, wann een se wëll hunn, ka se ëmmer ausgelieft ginn, egal ewéi gutt mir als Legislateur eis Gesetzer schreiwen oder net". Allerdéngs misst d'Politik bei neie Gesetzer sech direkt d'Fro stellen, ewéi d'Kontroll duerno soll funktionéieren. An hiren Ae géing dat och net bedeiten, datt onbedéngt méi Leit missten agestallt ginn, mee d'Kontroll misst méi effikass sinn.

Kontroll an Effikassitéit vum Staat

Genee dat selwecht sot d'ADR-Deputéiert a Parteipresidentin am Zesummenhang mat de Staatsfinanzen. Si huet begréisst, datt de Finanzminister Gilles Roth manner Leit beim Staat wéilt astellen a sot: "ech mengen, datt mir wierklech genuch Leit hunn, mir hunn och ganz performant Leit beim Staat, mee déi missten kënne méi effikass schaffen."

Fir d'Staatsfinanzen ze reequilibréieren ass d'ADR am Géigesaz zu LSAP, Gréng a Lénk net fir eng méi staark Besteierung vun héije Gehälter oder Kapital. D'Alexandra Schoos sot awer et kéint een iwwerleeën ewéi ee Gewënner duerch d'kënschtlech Intelligenz kéint besteieren.

Si huet en Dënschdeg de Moien dann och déi 7 nei steierlech Mesuren vun der Regierung fir de Bau unzekuerbelen – de sougennannte "Booster" - "gutt" fonnt. Obwuel déi an hiren Aen de Logementsproblem net géinge léisen.

Invité vun der Redaktioun: Alexandra Schoos

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO