
Den Educatiounsministère deelt op RTL-Nofro mat, datt schonn 2024 eng Mataarbechterin vum Service de reconnaissance des diplômes wéinst Inaptitude professionelle entlooss ginn ass. Dat am Zesummenhang mat der aktueller Immigratiounsaffär. De Ministère wéisst awer net, ob si zu de ronn 30 Inculpéierte gehéiert. Deemno goufen op deem Ministère personell Konsequenze gezunn.
Am Kontrast dozou konnt sengersäits den Immigratiounsministère RTL net virun nächster Woch matdeelen, wéi vill Leit si wéini vum Déngscht fräigestallt, reintegréiert oder suspendéiert hunn, respektiv wéi vill vun hire Mataarbechter inculpéiert wieren.
Zanter de Parquet d'lescht Woch seng Enquête iwwert eng gréisser Affär vu frauduléiser Immigratioun a Korruptioun ëffentlech gemaach huet, gi praktesch all Dag nei Informatioune bekannt. Ëm wéi eng Zort vun Immigratioun geet et hei iwwerhaapt? Wéi a wou konnt gefuddelt ginn? Wéi eng Administratioune sinn involvéiert a wat sinn déi politesch Ramifikatiounen?
E Freideg an der Mëttesstonn hunn d'Marie Gales an d'Michèle Sinner de Bilan gemaach. Hei kënnt dir lauschteren:
D’lescht Woch hat de Parquet eng grouss Enquête wéinst frauduléiser Immigratioun a Korruptioun ëffentlech gemaach. Lauschtert hei ëm wat et genee geet.
Lauschtert hei Detailer iwwert déi politesch Froen an Implikatiounen ronderem d'Affäer, déi och politesch Enjeux'en huet.
*D'Informatioun vum Educatiounsministère koum no der Diffusioun vun den Emissiounen e Freideg de Mëtten.