
E Freideg kuerz no 18 Auer sinn zu Kielen an der Rue de Mamer zwee Autoen net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf bei deem Accident verwonnt.
Nëmme ronn 10 Minutte méi spéit ass en Automobilist tëscht Ouljen a Rued-Sir mat sengem Gefier am Stroossegruef gelant. Och hei gouf et ee Blesséierten ze bekloen.
Géint 19.20 Auer goufen direkt 3 Persoune verwonnt, wéi zu Keel an der Näerzenger Strooss zwee Autoen anenee gerannt sinn.
Och 3 Blesséierter gouf et um Samschdeg de Moie fréi, géint 01.45 Auer, wéi tëscht Bartreng a Stroossen en Auto bäigaangen ass. Hei war nieft de Rettungsdéngschter aus der Stad och de SAMU am Asaz.