CGDIS8 Blesséierter bei Accidenter am Stroossentrafic um Donneschdeg

RTL Lëtzebuerg
Mat am Schlëmmste war en Tëschefall tëscht Weydeg an der Buddelerbaach. Do ass um 14:45 Auer en Auto an e Bam gerannt.
© RTL

Nieft de lokale Rettungsservicer war och de Rettungshelikopter op der Plaz, fir dem Blesséierten ze hëllefen.

Zu Ollem war de Samu géint 16:10 Auer geruff ginn. Och do war en Auto en a Bam geknuppt an et ass eng Persoun blesséiert ginn.

All Kéiers zwee Leit sinn da verwonnt ginn wéi zu Noutem an tëscht dem Iergäertchen an dem Tunnel Houwald zwee Autoen aneneegerannt sinn.

Donieft gouf nach eng Persoun an enger Kollisioun op der selwechter Plaz ongeféier eng déck Stonn virdru verwonnt.

An d'Rettungsdéngschter mellen och nach ee Verwonnten, wéi 2 Gefierer op der Areler Autobunn tëscht dem Briddel an der Cap anenee gerannt sinn.

Back to Top
CIM LOGO