1.465 Amerikaner hunn d'Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl
Lëtzebuerger ginn, ouni hei am Land ze wunnen? 1.465 Amerikaner hunn an de leschten 10 Joer eis Nationalitéit iwwer d'Recouvrementsgesetz ugeholl.
Besonnesch an de leschte Méint war d'Nofro grouss, well de Programm Enn 2018 ausgelaf ass. Wee sinn dës "nei Lëtzebuerger"?
Opgrond vun engem Virfar an direkter Linn d'Lëtzebuerger Nationalitéit unzehuelen, vum 1. Januar 2009 bis Enn leschten Dezember war dat méiglech.
Den New Yorker Daniel Atz ass selwer virun e puer Joer op dës Manéier e Lëtzebuerger Landsmann ginn a begleet zanterhier eng Abberzuel US-Amerikaner bei der Prozedur. Am Dezember war hien extra dofir hei am Land an huet eis eng kleng Profil-Analys vu senge Clienten erstallt a souguer ee vun hinne virgestallt.
RTL-News: Ëmmer méi Amerikaner wëlle Lëtzebuerger ginn
RTL-News: No 30 Joer: Famillje-Reunioun duerch RTL-Reportage