271 Flüchtlinge goufen zejoert, an den éischten 11 Méint, vu Lëtzebuerg aus an dat Land zréckgeschéckt, wou se an Europa ukomm sinn.

Mä wat geschitt duerno mat hinnen? En Team vun RTL Télé Lëtzebuerg huet e jonke Mann aus dem Mali begleet, deen an Italien ausgewise gouf.

De jonke Malier Abdullah Coulibaly gouf de 15. Januar vu Lëtzebuerg op Roum geflunn, dat a Begleedung vun 3 Polizisten.

"Dublin an dann op der Strooss"

Hien ass ee vu ronn 300 Flüchtlingen, déi Lëtzebuerg zanter dem 1. Januar 2018 – konform zu de Bestëmmunge vum Dublin-Reglement – dohin zréckgeschéckt huet, wou si als éischt an Europa ukomm sinn. An dësem Fall war et Italien.

Constat op der Plaz: De Mann krut weder eng Plaz an engem Foyer, nach eppes z’iessen.

„Je me sens pas bien du tout. Aujourd’hui, je suis arrivé en Italie. Ils ne m’ont pas donné de foyer ni rien du tout. Je ne sais pas comment je vais faire pour dormir", esou den Abdullah Coulibaly no senger Arrivée.

En huet sech missen op engem Policebüro, dee fir Immigratioun zoustänneg ass, mellen. Do krut hie gesot, datt hien eng Adress an Italien bräicht, fir eng Asyldemande ze maachen. Mä ouni Plaz an engem Foyer, ouni Suen, ass et onméiglech, eng Adress ze hunn. Begleet gouf de Mann vun enger Vertriederin vun der ONG "Passerell", déi e Rapport wëll maachen iwwer d'Konditiounen, déi Flüchtlingen no hirem Dublin-Transfer virfannen.

An Italien ass d'Situatioun uerg, dat besonnesch zanter engem neien Dekret vum Inneminister Matteo Salvini, deen d’Rechter vun de Flüchtlingen drastesch kierzt.

„La loi a changé. C’est-à-dire que tous les demandeurs d’asile sont dans la rue", seet de Gérard Munyehirwe vun der Hëllefsorganisatioun Arci.

En Team vun RTL Télé huet den Abdullah Coulibaly 3 Deeg begleet ... An um Enn war keen Hauch vun enger Léisung fir hien a Siicht.