Clientë ginn informéiertEeler Datebank vu Renmans gouf bei Cyberattack kopéiert

Kevin Kayser
Wéi d'Metzlerei-Ketten an enger Mail un hire Clientë matdeelt, goufe verschidden eeler Date geklaut.
© AFP Archivbild

Am Schreiwes heescht et, datt den informateschen Déngscht, mat deem Renmans zesummeschafft, affer vun enger Cyberattack gouf. Dobäi gouf eng Kopie vun enger aler Datebank - aus dem Februar 2023 - ugegraff. Déi aktuell Versioune wieren awer net betraff.

Geklaut goufen ënner anerem d'Email-Adressen, d'Clientsnummer, den Numm, d'Adress an d'Passwuert, wat een genotzt huet, fir de Clientscompte opzemaachen.

Duerch d'Daten, déi geklaut sinn, warnt d'Metzlereiketten elo viru méigleche Phishing-Mailen, déi hir Clienten elo kënne kréien. Et gëtt geroden, datt d'Clienten hiert Passwuert op all deene Plazen, wou si et notzen, änneren an datt ee bei Mailen oder SMSen, déi ausgesinn, wéi wa se vu Renmans kommen, besonnesch soll opassen. D'Chaîne erënnert drun, datt hir Maile just vun den Domainen @renmans.lu an @renmans.be kommen.

Back to Top
CIM LOGO