2013 ass d’Rana-Plaza-Gebai am Bangladesch an e Coup gefall, iwwer 1000 Mënsche si gestuerwen.

D'Affer hu Kleeder fir westlech grouss Marke gebucht an d’Ëffentlechkeet ass opmierksam ginn, wat fir e Präis déi bezuelen, déi ons bëlleg Kleeder produzéieren. Als Konsument huet een de Choix, just e begrenzten Impakt, sou laang nach genuch Clienten de Portemonni méi wichteg ass. Méi effikass ass et beim Finanzsekter unzesetzen: Banken haben einen großen Einfluss darauf , denn sie leihen Geld und sie investieren in viele Firmen die sich mit Textil beschäftigen und wenn sie ihnen sagen wir erwarten von Euch, dass ihr soziale Standards und Menschenrechte achtet, hat das einen großen Effekt auf sehr viele...

RTL

De Markus Löning war Mënschrechtsbeoptragten an Däitschland a beréit elo Firmen, aus der Renconter mam Affekot Charel Müller, Expert vun der Finanzplaz, ass eng gemeinsam Initiativ entstanen, fir eng Zort neie Label anzeféieren: Mir hunn ons a leschter Zäit als Finanzplaz verschriwwen, fir ënnert anerem an deem Domaine vun der nohalteger Finanz eng Virreider-Roll ze spillen an do gehéiert dann den Deel Mënscherechter absolut derzou!

Wann zum Beispill eng Firma a Brasilien massiv Reebëscher ofholzt an domat Deeler vun der grénger Long vun onsem Planéit zerstéiert, dann huet dat net just en Impakt op de Klima, mee et huet och een op déi indigene Populatiounen, déi hire Liewensraum verléieren , dat selwecht geschitt, wa Barragë gebaut ginn, Beispiller gëtt et leider méi wéi genuch: All diese Vorfälle sind etwas, was auf unser Gewissen auch drückt und was uns bewegen sollte, zu sagen, nein das wollen wir nicht, wir wollen alle in dieser Lieferkette etwas davon haben und vor allem fair behandelt werden.

Naiv sinn d’Initiateure natierlech net, eng Bank ass kee Wueltätegkeetveräin a virop interesséiert, Suen ze verdéngen, just de Sproch "Geld sténkt net" gëllt manner an Zäiten, wou den Drock méi grouss gëtt.

Den Affekot Charel Muller: D’Echoen allgemeng si ganz positiv natierlech, et ass en neien Domaine och fir d’Finanz-Welt op jidder Fall den Interêt ass do an d’Loscht eppes ze bewegen ass och do!  

Den internationalen Trend ass och do, et wier e gudde Moment, mat als 1. op den Zuch ze sprangen, ufanks op fräiwëlleger Basis, wat politesch och ugeduecht ass: Dat  steet och am Koalitiounsvertrag an et steet och am “Plan national entreprises et droits de l’homme“, wann déi fräiwëlleg Approche näischt bréngt, dat wäert et iergendwann zu enger manner fräiwëlleger, dat heescht zu engem Gesetz kommen!