"Eng nei Dimensioun fir mech"
De Gesondheetsminister war e Mëttwoch den Owend nom Journal Invité am Studio vun RTL Télé Lëtzebuerg. Den Interview iwwer aktuell Sujeten hei am Replay.
Als Wirtschaftsminister ass hie scho 7 Joer am Amt, d’Santé ass en neie Beräich fir de Vizepremier, deen eisen Invité am Interview um Mëttwoch den Owend war.
Eng ganz Partie Froen aus dem Santésberäich koumen zur Sprooch: d’Penurie bei den Dokteren, déi laang Waardezäiten an den Urgencen, firwat wëllen ëmmer manner Jonker zu Lëtzebuerg de Beruff vum Infirmier léieren, ginn IRMen elo a privat Praxissen erlaabt, wéi steet et mam Projet vum Südspidol, wat ka gemaach ginn fir méi Organ-Spender ze kréien, wéi kann ee géint de Phänomen vum Komadrénken bei Jonker virgoen a wéi wäit si mer beim Thema Legaliséierung vum Cannabis ...
"De Gesondheetsministère ass eng ganz nei Dimensioun fir mech", dat de Minister Etienne Schneider als Invité op der Télé. Hie géif vill méi mat Eenzelschicksaler vu Leit confrontéiert ginn an ass sech bewosst, dass am Gesondheetsberäich vill Aarbecht op hie waart.
De Budget vun der Santé gouf dëst Joer ëm e Véierel an d'Luucht gesat an dat wäert och déi nächst Jore sou virugoen. A 7 Joer, esou de Minister, hu mer zu Lëtzebuerg déi modernst Spidolsinfrastruktur an Europa, mä bis dohinner, wier nach eng "Durststrecke" z’iwwerwannen. Speziell wat d'Waardezäiten an den Urgencen ugeet, wier et de Leit net zouzemudden, alt 4 Stonnen a méi ze waarden, hei wier elo mol geplangt, méi Urgentisten an och soss méi Personal anzesetzen an d'Säll, souwäit et méiglech ass, auszebauen. Bei den neie Spideeler, déi geplangt sinn, wéi d'Südspidol, géifen déi Urgencë scho ganz nei amenagéiert ginn. Een Drëttel vun de Leit, déi an d’Urgence kommen, kéinten och an eng Maison médicale goen, déi nach net genuch benotzt ginn.
10 Joer no hirer Aféierung ginn d'Maison-médicallen elo am Hierscht evaluéiert. Dass et keng am Oste gëtt, do wëll de Minister eppes drun änneren an iwwerhaapt méi op de Wee vu Gemeinschaftspraxissen – och mat e puer Fachrichtungen – goen, och fir d'Dokteren z'entlaaschten. Do kéinten Doktere sech besser ofléisen an de Patient hätt d'Praxisse méi no bei sech a misst net fir alles an d'Spidol.
De Staat offréiert lo schonn eng eemoleg Primm fir Dokteren, déi sou eng Gemeinschaftspraxis wëllen opmaachen, mä et verhandelt een awer och nach um Niveau vun der Nomenklatur.
"Ech hunn e gudden Dialog mat der AMMD", seet den Etienne Schneider. A puncto Tiers payant généralisé wier een um gudde Wee, zesumme mat der Sécurité sociale eng Léisung ze fannen, fir dass de Patient an Zukunft nëmmen nach dat beim Dokter bezilt, wat d'Keess net rembourséiert.
Den Trend beim Bau vun neie Spideeler geet a Richtung Eenzelzëmmer, duerfir misst de Prinzip vun der 1. Klass iwwerduecht ginn: De Patient misst natierlech net fir eng 1. Klass bezuelen a fir d'Doktere misst ee kucken, wéi dat kompenséiert gëtt. Am Fong wier dat jo een onsënnege System gewiescht, dass d’Dokteren eng 1. Klass besser bezuelt kréien, well se deeselwechte Service offréieren, dat géif geännert ginn. De Problem vun de Gynekologen, deenen hir Garden net bezuelt ginn, wier am Gaang geléist ze ginn, wat d’IRMe baussent Spideeler ugeet, waart ee mol d'Uerteel vun enger Klo of, déi virleit. Déi 4 nei déi kommen, wäerten awer och schonn Entlaaschtung bréngen.
Et gëtt dru geduecht, e Bachelor anzeféieren fir de Beruff vum Infirmier ze revaloriséieren, an den Alkohol-Aktiounsplang kënnt deemnächst an de Regierungsrot. Hei kéint een driwwer nodenken, d'Alterslimitt op 18 eropzesetzen. Allgemeng soll awer méi op Präventioun gesat ginn.
Wat d'Legaliséirung vum Cannabis ugeet, léichen dem Ministère vill Demanden vir, fir Lizenze fir Ubau a Distributioun ze kréien. Dat géif alles streng reglementéiert ginn. Am Mee ass eng Visitt am Kanada geplangt, fir dass ee sech um kanadesche Modell inspiréiere kann.
"De Referent fir Organspende kënnt an d’Spideeler", huet de Minister nach versprach, wann den elektronesche Patientendossier am Hierscht uleeft, soll do an Zukunft direkt festgehal ginn, wat de Wonsch vum Patient ass, och a puncto Euthanasie.