Déi Chifferen huet den Educatiounsministère d'lescht Woch bekannt ginn.
Am Secondaire Classique trieden e Méindeg de Moien 1.684 Kandidaten un an am Secondaire Général sinn et am Ganzen 1.779. Donieft presentéiere sech och 16 Schüler, déi hir Première an Owescoursen suivéiert hunn. Et sinn dat 3 Fraen an 13 Männer.
Déi schrëftlech, mëndlech a praktesch Epreuvë gi vun am Ganzen 1.224 Memberen aus deenen 198 Examenskommissiounen ausgewäert.
Mir wollte wëssen, wat d'Studente gutt fannen um Premiere's Examen, wat net an natierlech, wat se spéider maachen wëllen. De Philippe Dondelinger war nofroen.