En Dënschdeg gouf et bei "Euro-Composites" zu Iechternach eng Explosioun mat uschléissendem Groussbrand. Iwwer 100 Pompjeeë waren am Asaz.

Um Dag nom grousse Feier konnt een d'Ausmooss vum Brand gutt erkennen. Et war net méi vill vun der Lagerhal iwwreg, ma et konnt evitéiert ginn, datt d'Feier op d'Halen niewendrun iwwergräift. Vun Euro-Composite ass et dann och d'Nouvelle, datt d'Brandursaach zum aktuellen Zäitpunkt nach net gekläert ass.

Sauer wéinst dem Asaz verknascht

Nom Brand op engem Industriesite zu Iechternach gëtt den Ament d’Läschwaasser evakuéiert, esou de CGDIS op Nofro. De Gros vum Läschwaasser wier an engem Opfangbecke gesammelt ginn. En Deel vum Läschwaasser war jo an d’Sauer gelaf an hätt do d’Waasser verschmotzt, wéi d’Waasserwirtschaftsamt en Dënschdeg den Owend matgedeelt hat. Grond ass d'Läschwaasser, dat an de Floss gelaf ass. Wéi et weider heescht, wieren déi däitsch Autoritéiten alertéiert ginn, fir d'Musel an d'Saar ze protegéieren.

Déi däitsch Autoritéite schaffen enk mam Waasserwirtschaftsamt a mam CGDIS zesummen, fir de Problem an de Grëff ze kréien. Barragë goufe schonn op der Sauer, dat bei Steenem, agesat, fir dee Schaum an déi chemesch Stoffer ënner Kontroll ze kréien an aus dem Floss ze huelen, fir esou den Impakt op d'Natur esou kleng wéi méiglech ze halen.

Um Mëttwoch den Owend huet sech de Claude Strotz vun de Sportsfëscher sech op Facebook zu Wuert gemellt a virun allem de CGDIS fir dës Verschmotzung verantwortlech gemaach. Mëttlerweil gouf dëse Facebook-Post awer nees erofgeholl, respektiv ass just nach limitéiert visibel.

RTL

Groussbrand bei "Euro-Composites"

Groussbrand bei "Euro-Composites" zu Iechternach
Um Dënschdeg um 12.30 Auer huet et an der Industriezon bei "Euro-Composites" zu Iechternach geknuppt. 80 Pompjeeë sinn op der Plaz.

Däischter Dampwolleke goufen um Dënschdeg an der Mëttesstonn aus dem Ëmkrees gemellt. Si waren a Richtung Däitschland ënnerwee. Déi éischt Unitéiten op der Plaz waren d'Wierkspompjeeën an de CGDIS vun Iechternach. Et huet an enger Lagerhal vu ronn 2.000 Quadratmeter gebrannt.

Wéi d'Personal bis evakuéiert war, louch d'Prioritéit vun de Pompjeeën, fir en Iwwergräife vum Feier op aner Gebaier z'evitéieren. Wéinst dem villen Damp huet de CGDIS och d'Populatioun opgeruff, fir d'Dieren an d'Fënsteren zouzeloossen. Och goufen déi däitsch Autoritéiten alarméiert an um neiste Stand gehalen.

Géint 15h30 Auer huet de Commandant vun der Operatioun gemellt, datt de Brand ënner Kontroll wier, ma bis d'Feier ganz aus wier, kéint et nach e puer Stonnen daueren. Och bleiwe Pompjeeën op der Plaz, fir sécher ze goen, datt d'Feier net nees iergendwou kann ugoen.

Am ganze waren eng 100 Pompjeeën aus 10 verschiddene Corpsen op der Plaz. Donieft goufe Fräiwëlleger aus 4 Corpse preventiv an hirer Kasär positionéiert, fir op eventuell weider Tëschefäll am Oste vum Land ze reagéieren.

Nieft de Pompjeeë ass och Personal vum Waasserwirtschaftsamt op der Plaz, fir en eventuelle Risiko vum Verknaschte vum Waasser festzestellen.
D'Firma Euro-Composites produzéiert Liichtbau-Deeler fir den Aviatiounssecteur.

Incendie Euro-Composites SA - Pollution de la Sûre par des eaux d'extinction (01.10.2019)

Communiqué par: ministère de l'Environnement, du Climat et du Développement durable / Administration de la gestion de l'eau

Dans la suite de l'incendie dans la zone d'activités à Echternach, une pollution majeure de la Sûre en aval d'Echternach s'est produite. Les eaux d'extinction, la mousse d'extinction à base des substances polyfluorées, ainsi que des solvants et de la résine phénolique se sont écoulées vers la Sûre.

Les autorités allemandes ont été averties moyennat le plan international d'avertissement et d'alerte des Commissions internationales pour la protection de la Moselle et de la Sarre (CIPMS). Les autorités allemandes travaillent en concertation avec les agents de l'Administration de la gestion de l'eau et du CGDIS afin d'endiguer au mieux l'écoulement. Au niveau de la localité de Steinheim des barrages flottants sont en train d'être installés afin de retenir les mousses et les solvants surnageants et de les évacuer. L'ensemble de ces mesures d'urgence visent à réduire l'impact sur l'écosystème.
Des échantillons sont prélevés par le laboratoire de l'Administration de la gestion de l'eau afin de déterminer l'envergure de la pollution.

RTL

© GoogleMaps

RTL

2 Feier-Konzentratiouns-Zonen / © Domingos Oliveira

Videoe vum Dënschdeg

"Euro-Composites" zu Iechternach
Um Dënschdeg um 12.30 Auer huet et an der Industriezon bei "Euro-Composites" zu Iechternach geknuppt.
Feier zu Iechternach
Impressioune vum Nicole Sauber
Brand zu Iechternach
Explosioun a vill Damp bei Euro-Composites an der Industriezon zu Iechternach.
Feier Eurocomposite zu Iechternach
Impressioune vum Nicolas Steffes
Feier Iechternach: Damp zitt an Däitschland
Impressioune vum Raissa Bernardy

Feier zu Féiz

Géint 19.15 Auer en Dënschdeg den Owend hat et an engem Akafszenter zu Féiz gebrannt. Dat mellt e Mëttwoch de Moien den 112. Eng Persoun gouf blesséiert. am Asaz waren d'Pompjeeë vu Keel, Monnerech a Schëffleng, souwéi zwou Ambulanzen an de Samu.