D'Deputéiert, déi an der Ëmweltchamberkommissioun sëtzen, solle sech net behuelen, wéi Riichter an d'Recht respektéieren.

Dëst fuerdert d'ASBL StopCorrupt, déi fréier Associatioun "Transparency International".

D'Lutte géint Korruptioun dierft op kee Fall zu enger politescher Waff ginn, heescht et. Dofir bedauert StopCorrupt, datt eenzel Presseorganer oder och politesch Parteien d'Affär Gaardenhaischen wéilten detournéieren, fir sech politesch Gainen ze sécheren.

Deemno kéint et der ASBL no net sinn, datt lo Eenzeler ufänken Gaardenhaisercher bei den Noperen ze fotograféieren, fir esou "Privatdetektiven" wëllen ze spillen.

Och d'Chamberkommissioun hätt als eenzeg Funktioun, fir Gesetzesprojeten ze diskutéieren a net fir selwer eng Enquête iwwer e Litige ze féieren, iwwert deen elo um Niveau vum Parquet enquêtéiert gëtt.

Deemno hätten och d'Membere vun der Ëmweltchamberkommissioun keng Autoritéit fir Enquêten ze féieren a géifen des Prerogative violéieren, wa si sech awer dat Recht wéilten huelen.

StopCorrupt condamnéiert dëst Behuelen a freet jiddereen, dee wichteg Informatiounen huet, dës dem zoustännegen Untersuchungsriichter matzedeelen.

StopCorrupt besteet iwwerdeem zanter 10 Joer a wëll all Formen vu Korruptioun bekämpfen. President ass de Maître Yann Baden, Vize-Presidentin d'Affekotin Marguerite Ries.