De Reen vun e Méindeg den Owend an hënt huet derzou gefouert, dass d’Baachen an d’Flëss am Land ferme gefëllt goufen. Aktuell falen d'Peegelen nees.

De Risiko vun Héichwaasser besteet op den allermeeschte Plazen net méi.

Zu Ettelbréck beispillsweis hat d’Uelzecht e Méindeg de Mëtteg jo d’Côte de préalerte erreecht, ass zanterdeem awer nees liicht gefall. De Parking Däich ass dowéinst zanter en Dënschdeg de Moien och nees op.

Meteolux huet um Dënschdeg de Moien eng Alerte jaune erausginn wéinst de Waasserpeegelen. Den Ëmweltministère mellt, dass d'Peegelen tendenziell nees um Fale sinn.

RTL

© www.inondations.lu

De Christopher Schuh vum CGDIS huet am RTL-Interview erkläert, dass een op d'Héichwaasser virbereet ass. Uechter d'Land sinn eng 6.000 Sandsäck an den CISe preparéiert.

Op alle Fall hunn eis déi Responsabel signaliséiert, dass de Parking "am Däich" zu Ettelbréck vun e Méindeg den Owend 18 Auer zou ass. Grond ass d'Pré-alerte vum CGDIS, also dem héijen Niveau vun der Uelzecht.

RTL

Dat offiziellt Schreiwes

Das Hochwasservorhersagezentrale (HVZ) der Administration de la gestion de l'eau befindet sich in der Vorwarnbereitschaft. Es besteht die Gefahr von leichten Überschwemmungen, die keinen signifikanten Schäden verursachen, aber besondere Wachsamkeit bei saisonalen und / oder exponierten Aktivitäten erfordern.  Aktualisierung bei Änderung der Lage.

Anbei der Hochwasserlagebericht zur aktuellen Lage an den Gewässern.

Aktuelle Pegelstände und Vorhersagen sind der Internetseite www.inondations.lu zu entnehmen.