D'Prioritéit misst dem Gesondheets- a Fleegesecteur gëllen, sou de Syvicol, ma wéi geet et weider, wann de Besoin an deem Secteur gedeckt ass?

De Syvicole am Onsécheren bei Masken - Rep. Fanny Kinsch

Fir d'éischt gouf gesot, se géifen näischt bréngen, dunn huet et geheescht, fir Anerer ze schützen, wiere se awer sënnvoll. D'Kommunikatioun ronderëm d'Otemschutzmaske schéngt fir Duerchernee gesuergt ze hunn. Bei de Gemenge kommen zanter Kuerzem ëmmer nees Demandë vu Bierger eran, fir eng Mask ze kréien. D'Gemenge selwer wëssen awer och net richteg, ob a wéini si där Maske kréien. Dat war dofir och een Thema an der Interieur-Chamberkommissioun en Donneschdeg de Mëtten.

D'Prioritéit misst dem Gesondheets- a Fleegesecteur gëllen, seet de President vum Gemengesyndikat Syvicol an CSV-Deputé-Maire Emile Eicher. Ma et wéilt een awer wëssen, wéi et viru geet, wann dee Besoin gedeckt ass: "Wéini kënne mer esou Maske kréien, wien organiséiert se? Ech hätt léiwer dat géif iwwert de Staat zentral lafen, mä wann dat net méiglech ass, da sollen se eis dat soen, da mussen d'Gemenge sech op d'Bee setzen a mir sinn am Gaang Alternativen am Syvicol auszeschaffen, wéi mer dat kënnen organiséieren, mä et muss ee se och nach fannen."

De Syvicol wier och schonn am Gaangen, mat der Stad Lëtzebuerg un Alternativen ze schaffen. Fir den Ament kéint si nach net méi soen, vu datt de Gesondheets- a Fleegesecteur Prioritéit hätt, seet hirersäits d'LSAP-Inneministesch Taina Bofferding: "Wann, an dat war och eng konkret Fro vun de Gemengen, wa mer elo eng Kéier sollten an d'Richtung goen, fir verschidde Beräicher erëm lues a lues opzemaachen, da stellt sech jo och d'Fro hannendrun, op herno d'Gemenge solle Maske kréien, notamment och fir hiert Personal. Ech mengen, dass déi Iwwerleeung duerchaus muss mat an déi Exit-Strategie fléissen."

D'Reaktioun vun der Inneministesch Taina Bofferding
D'Prioritéit bei de Maske misst dem Gesondheets- a Fleegesecteur gëllen, sou de Syvicol, ma wéi geet et weider, wann de Besoin an deem Secteur gedeckt ass?

Wann ee bis eng Kéier op deem Punkt wier, datt genuch Masken do wieren, fir och un d'Bierger ze verdeelen, missten d'Gemengen an d'Regierung eng gemeinsam Strategie hunn, seet de gréngen Deputéierten an Apdikter Marc Hansen no der Chamberkommissioun.: "Besonnesch wichteg ass et awer och, datt d'Kommunikatioun ronderëm dës Verdeelung rappelléiert, datt et am wichtegsten ass, doheem ze bleiwen a just eraus ze goen, wann et onbedéngt néideg ass, an datt een trotz Mask d'Sécherheetsdistanz muss anhalen. Soss besteet e Risiko, datt e falscht Sécherheetsgefill opkënnt an dat schued da méi wéi et bréngt."

Den Deputéierten hat dës Woch eng urgent parlamentaresch Fro gestallt, well verschidde Gemengen eenzel Masken un eeler Bierger géife schécken. Si géif dat op alle Fall net recommandéieren, seet dozou d'Inneministesch Taina Bofferding: "zemools well elo nach d'Consigne ass, datt d'Leit sollen doheem bleiwen, sollen déi Mesurë respektéieren, a just déi Leit iwwer 65, déi oft jo vulnerabel sinn, grad déi gëllt et elo emol ze schützen. An do ee Mask an enger Enveloppe ze verschécken, ass vläicht do awer elo net grad déi Solutioun."