De President vum Exekutiv-Comité vun der Bank, de Fransous Geoffroy Bazin huet en Donneschdeg iwwerraschend seng Demissioun annoncéiert.

D'BGL BNP Paribas krut en neie Chef. De President vum Exekutiv-Comité vun der Bank, de Fransous Geoffroy Bazin hat jo e Freideg seng Demissioun bekannt ginn. Hie wéilt senger Karriär eng nei Orientatioun ginn, wéi et am Schreiwes e Freideg de Moien heescht.

De Bazin hat Mëtt 2018 d'Relève vum Carlo Thill un der Spëtzt vum fënneftgréisste Privat-Patron am Land iwwerholl.

Nei Fra un der Spëtzt ass elo d'Franséisin Béatrice Belorgey, déi schonn zanter 1986 am franséischen Mammenhaus aktiv ass. An de leschte 7 Joer war si Diretesch vum Private-Banking-Deel bei der BNP Parisbas Frankräich.