Hëllef DoheemCovid-19 huet d'Aarbecht méi schwéier gemaach

RTL Lëtzebuerg
Et si virun allem déi sougenannt Gestes barrière, déi d’Aarbecht vun de Mataarbechter, déi Leit doheem fleegen, méi schwéier maachen.
En Dag ënnerwee mat Hëllef Doheem
Eng RTL-Ekipp huet den Infirmier Sebastien Barone een Dag op senger Aarbecht begleet.

Dat seet de Sebastien Barone, ee vun den Infirmiere vun Hëllef Doheem. Eng RTL-Ekipp hat hien en Donneschdeg de Moien op sengem Tour begleet.

Natierlech géif sech un all Consignë gehale ginn, mä d’Aarbecht wär méi schwiereg ginn. Dat seet och d’Direktioun vun Hëllef Doheem. Hir Ekippen, déi ëmmer eleng ënnerwee wären, géife groussen Asaz beweisen.

Mat 2.000 Mataarbechter an enger Presenz queesch uechtert d’Land, ass Hëllef Doheem dee gréisste vun de Servicer, déi Leit doheem, fleegen.

Back to Top
CIM LOGO