Jugendherberge profitéiere vu "Vakanz Doheem"
D'ganzt Joer op dann hun d'Jugendherbergen uechtert d'Land an déi sinn dëse Summer gutt gefëllt.
Net nëmme vun auslänneschen Touristen, mee duerch d'Aktioun vum 50-Euro-Bong profitéieren och vill jonk Lëtzebuerger, fir hiert Land emol eng Kéier anescht ze entdecken. D’Monica Camposeo war zu Iechternach, wou och vill Aktivitéite fir Kanner ugebuede ginn.
Egal ob Familljen oder Maisons Relaisen, d’Demande ass grouss. Virun allem lëtzebuergesch Residentë maachen dëst Joer Vakanz an deenen 9 Jugendherbergen uechter d’Land.
De 50-Euro-Bong géing och dozou bäidroen, dass vill Familljen an d’Jugendherberge schlofen kommen. Mee och fir Dagesausflich gi verschidden Aktivitéite gebueden. Dovunner profitéieren och Maison Relaisen, wéi zum Beispill e Grupp vu Miersch.
Maske mussen dobannen an do, wou de Sécherheetsofstand net kann agehale ginn, och dobaussen ugedoe ginn. D’Jugendherbergen hu sech, wéi aner Strukturen, un d’Sécherheetsmesurë mussen upassen. Aus der Kris kéint een awer och dat eent oder anert fir den normale Service iwwerhuelen.
Et géing een elo dat bescht aus der Situatioun maachen. A soulaang d’Wieder gutt bleift, si jo och vill Aktivitéiten dobausse méiglech. Ganz ouni Mask.