An da géif och nach grad elo de professionellem psychologeschen Encadrement an der Schoul ze kuerz kommen, kritiséiert de CNEL-President...

D'Corona-Pandemie hannerléisst an allen Altersgruppen hir Spueren. Och wann déi meescht Kanner a Jonker d'Krankheet selwer manner fäerte mussen, hu si awer ënnert de Restriktioune vun der Pandemie ze leiden. Homeschooling, Distanz zu de Frënn an déi vill Fräizäitaktivitéiten, déi gestrach goufen, hunn hir Spueren hannerloossen a kënnen zu gréissere Belaaschtungen an ënnerlechem Drock féieren. D'Claude Zeimetz huet nom Enn vum zweete Lockdown bei Schüler- a Studentevertrieder de Bols gefillt.

UNEL a CNEL an der Pandemie - Reportage Claude Zeimetz

"D'Schüler si frou, datt se rëm kënnen an d’Schoul goen an datt se net méi, wéi um Enn vum leschte Schouljoer, doheem sëtzen a keng Course maachen, keng qualitativ Course maachen." Dat seet de Kimon Leners. Hien ass President vun der nationaler Schülerkonferenz CNEL a Schüler am Lycée der Arts et Métiers. Et wier een zwar antëscht méi un den Homeschooling gewinnt, ma den Enseignement via den Ecran hätt nach ëmmer seng Schwächten.

Weider un de Computer gebonnen - dogéint sinn déi allermeescht Studenten. Dobäi géife sech der vill näischt léiwer wënschen, wéi nees an eng Virliesung an en Auditoire ze goen, sou d'Estelle Née, déi nei Porte-Parole vun der Studentenunioun UNEL: "Et vergeet engem d’Loscht einfach just stonnelaang virun deem Computer ze sëtzen an den essentielle Kontakt, sief et nëmme mat den An, ze hunn. Dat ass wierklech eppes wat feelt. Et wier och hei ze léien, datt mir dat net vermëssen, mol eng Kéier zesummen an de Cours ze goen. Mol eng Kéier just ze froen: "Wéi geet et dir."

D'Estellle Née studéiert Droit am 2. Joer op der Uni Lëtzebuerg. Un en normaalt Studenteliewe wier den Ament net ze denken.  Wéi soll een och am Lockdown nei Leit oder seng Unisstad kenneléieren, en engagéierte Jonke sinn, wann ee sech weder op der Uni, nach fir e Patt treffe kann. A wat ass dat fir en Erasmus-Semester, wann een net hannert dem PC aus senger Wunneng erauskënnt? Duerfir hätten awer ëmsou méi Jonker Angscht virun deem wat kënnt: "Wat fir eng Konsequenz hat elo déi Pandemie, dee "remote teaching" op dat wat ech kann?  Wéi kann ech mech melle fir e Master? Wéi kann ech mech op den Aarbechtsmarché inseréieren? Wat geschitt duerno? Ech liewe grad bei mengen Elteren a weess net ob ech duerno ka fortgoen."

No bal engem Joer, dat vun Aschnëtter an eis Fräiheeten an der Angscht virun engem Virus gepräägt ass, géif een och ënnert de Schüler a Schülerinne mierken, datt der vill un hir Limitte kommen, seet de Kimon Leners: "Ech ka mech net méi konzentréieren oder ech hu keng Loscht méi, dat sinn nach vläicht déi klassesch Echoen. Mä „ech hu keng Loscht méi“ ka sech och ganz wäit weiderentwéckelen, bis zu richtegen Depressiounen."

An da géif och nach grad elo de professionellem psychologeschen Encadrement an der Schoul ze kuerz kommen, kritiséiert de CNEL-President dee fuerdert et misst Stress erausgeholl ginn. Vun der UNEL ass et d’Fuerderung, all Jonkem et z’erlaben, seng Etüde weiderféieren ze kënnen.
Deels gouf an de leschte Méint jo mam Fanger op déi Jonk gewisen, si géife mat hirem récksiichtslose Verhalen a Partyen d’Gesondheet vun Aneren op Spill setzen. De Kimon Leners an d’Estelle Née vermëssen deels awer genee sou vill Versteesdemech fir hir Situatioun, wou eng Generatioun hir Jugend zanter bal engem Joer net ausliewe kann: "Mir si vläicht net vulnerabel zum Virus. Mä mir sinn op jiddwer Fall vulnerabel zum Confinement, zu där ganzer Kris, wou mer doheem sinn, wou et engem wierklech schlecht geet, wou mer eleng sinn"(...) "Et ass jo kloer, datt ee sech als Jugendlechen entwéckelt. Grad d’Pubertéit ass jo eppes ganz Wichteges an och scho virdrun, wou d’Kand d’Liewe kenneléiert. A wann dat net existéiert, dann huet en do ganz vill Zäit verpasst."

De Kimon Leners an och d'Estelle Née betounen, datt souwuel déi national Schülerkonferenz, wéi och d'Studentenunioun sech scho laang dem Thema vun der mentaler Gesondheet bei de Jonken ugeholl hätten an se deels och selwer Propose gemaach hunn. Déi hätte bis elo awer leider nach kee Gehéier bei der Politik fonnt, bedauert de CNEL-President.

D'Wuelbefanne vun de Kanner a Jonken war e Samschdeg och Thema an eiser Emissioun Background am Gespréich an der Mëttesstonn. Et hu matdiskutéiert: de Jugendpsychiater Christopher Goepel, den designéierten Ombudsmann fir Kanner  a Jugendlecher Charel Schmit an de President vun der Enseignantsgewerkschaft SNE Patrick Remakel.