De Charel Schmit, Christopher Goepel a Patrick Remakel waren e Samschdeg eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich.

Background am Gespréich vum 16. Januar
De Charel Schmit, Christopher Goepel a Patrick Remakel waren e Samschdeg eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich.

"Mir sinn all vulnerabel", sou huet et d'Porte-Parole vun der Studentenunioun UNEL, déi jonk Droitsstudentin Estelle Née am Kader vun der Emissioun Background am Gespréich op de Punkt bruecht.

Background am Gespréich: Wéi kommen déi jonk duerch d'Kris?

Bal ee Joer nom Ufank vun der Corona-Pandemie ass et an der Sendung ëm d'Wuelbefanne vun de Kanner a Jonken an der Pandemie an den Auswierkunge vun de Restriktiounen op si gaangen. Jonker vermësse Versteesdemech fir hir Problemer, fille sech deels stigmatiséiert a wëllen, datt och hir Efforten an der Kris wouergeholl ginn. Datt se eleng doheem bliwwe sinn, keng Frënn konnte gesinn, Fräizäitaktivitéite gestrach goufen an d'Schoul an den Home-Schooling Modus geschalt gouf.

Hei de Reportage vum Claude Zeimetz iwwert d'Spueren, déi d'Pandemie bei de Schülerinnen a Schüler hannerléisst, an am Virfeld vum Background gemaach gouf.

UNEL a CNEL an der Pandemie - Reportage Claude Zeimetz

Invitéeën am Studio e Samschdeg dann waren de Jugendpsychiater Christopher Goepel, den designéierten Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit an de President vun der Enseignantsgewerkschaft SNE Patrick Remakel. Allen 3 hu virun allem betount, wéi gutt déi Jonk, déi allermeescht op alle Fall, matgeschafft hätten. Déi aktuell Situatioun dierft kee Fall awer déi nei Normalitéit ginn, sou de Charel Schmit.

De Charel Schmit

Datt Sport, Fräizäit an de Schoul-Alldag ewech gefall sinn, wier effektiv eng schwéier Belaaschtung, sot de Psychiater Christopher Goepel. D'Jugendpsychiatrie um Kierchbierg hätt verstäerkt festgestallt, datt den Alkohol- a Cannabiskonsum bei de Jonken eropgaangen ass. Och Iessstéierungen hätten zougeholl, grad wéi de Mediekonsum via déi digital Outilen. Hei hätt ee bei Jonken e staarkt Réckzuchsverhale festgestallt. Zanter dem Deconfinement sinn déi 23 stationär Better am nationale Service vun der Jugendpsychiatrie chronesch voll. D'Personal wier vill gefuerdert. Et feelt ganz einfach och am Beräich vun der Jugendpsychiatrie un Dokteren a medezineschem Personal.

Net genuch Ressourcë géifen et och an der Schoul ginn, huet den SNE-President kritiséiert, Fachpersonal, dat geziilt nom Wuelbefanne vum Kand kuckt a Problemer fréizäiteg detektéiere kéint. Hei misst nogebessert ginn.

Déi aktuell Situatioun an där individuell Fräiheeten, also och de Kanner a Jonken hir Rechter, beschnidde ginn, dierft keng dauerhaft Situatioun sinn, huet den designéierten Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit betount. Et misst ee sech bewosst maachen, datt mer an enger Ausnamesituatioun sinn, déi dat och bleiwe misst. An den nächste Méint wier et wichteg sech besonnesch Gedanken ze maachen, wéi eng Aktivitéiten ee fir déi Jonk ubidde kann. Zum Beispill Vakanzenaktivitéiten, dat schonn an der Ouschtervakanz. Virun allem misst een nom Wanter Offere fir en anert Spille proposéieren, wat sech net um Ecran ofspillt.

D'Corona-Kris huet och an de Familljen a bei de Kanner d'Ongläichheete verstäerkt. Déi strukturell Bildungsongläichheete wieren an der Pandemie verstäerkt ginn, sot de Charel Schmit.

D'Kanner wieren no der leschter Woch Homeschooling frou fir nees an d'Schoul ze kommen, déi Impressioun hat de Gewerkschaftler a Schoulmeeschter Patrick Remakel. All déi alternativ Enseignementsformen hätten hir Limitten. Op alle Fall géing ee gesinn, wéi wichteg de Presenzunterricht ass. Et ass d'Roll vum Enseignant fir nom Kand als Ganzt ze kucken. Mä kënnt déi mental Gesondheet an der Schoul net ze kuerz? Besonnesch lo wou schoulesch Retarde mussen opgeholl ginn. Um Terrain géifen op alle  och méi Ressourcë gebraucht, sou de Gewerkschaftler.

De Patrick Remakel

Wäert de Covid-19 zu engem Trauma vun enger ganzer Generatioun ginn?  Dat wier e bëssche vill pathetesch formuléiert, huet den Dokter Goepel gemengt. Sécher wier d'Pandemie eppes Gravéierendes, wourunner sech Generatiounen drun erënnere wäerten. A wéi wäit, dat géif och dovunner ofhänken, wat déi Jonk virgelieft kréien.

Déi allermeescht Erkrankunge fänke schonn an der Kandheet  un, huet de Jugendpsychiater Christopher Goepel erkläert. Fréierkennung an eng global Prise en charge wieren deemno ganz wichteg. Et dierft och kee Privileeg si fir bei de Psychotherapeut oder de Kannerpsychiater ze goen. Leit déi Hëllef brauche misste séier gehollef kréien amplaz vu bürokrateschen Hürden ausgebremst ze ginn.

Déi 23 stationär Better am nationale Service vun der Jugendpsychiatrie an och d'Plazen an der Dagesklinik sinn zanter dem Deconfinement permanent beluecht. Méi wéi voll, sou de Christopher Goepel an et och hei feelt et u Personal. Vill Jonker hätten Iessstéierung ma och den Alkohol- a Cannabis- an de Mediekonsum wieren eropgaangen. Riskéiert Corona en Trauma fir de jonk Generatioun ze ginn? Dat dierft een net iwwerdramatiséieren, huet den Dokter gemengt.

Den Dr. Christopher Goepel

Déi ganz Emissioun fannt der zu all Ament am Replay op rtl.lu, op RTLPlay an am Podcast.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.