Hôpitaux Robert SchumanSpidolsgrupp a Generaldirekter Claude Schummer gi wuel getrennte Weeër

Roy Grotz
Lynn Kayser
Interne Sourcen no sichen d'HRS an den Nach-Direkter de Commun accord, fir sech vuneneen ze trennen. Kee Statement vun der Gesondheetsministesch Lenert.
© RTL-Archivbild

E Mëttwoch den Owend hat d'Lëtzebuerger Wort als éischt gemellt, datt den Dr Claude Schummer de Spidolsgrupp vun den Hôpitaux Robert Schuman géing verloossen.

Op RTL-Nofro hin huet de Spriecher vum Spidolsgrupp Robert Schuman, Marc Glesener, e Mëttwoch am fréien Owend confirméiert, datt de Claude Schummer dës Woch net méi um Büro gewiescht wier. E formellen Dementi gouf et deen Ament och un d'Adress vun der AMMD, wou e Mëttwoch an engem Communiqué geschriwwe gi war, datt sech de Grupp HRS selwer Vaccine géif beschafen. Am Wort war vun 100.000 Pfizer-Vaccine rieds.

De President vun der Dokteschassociatioun AMMD bleift dobäi: d'Hôpitaux Robert Schuman hätten op Eegeninitiativ hin Covid-Vaccine beschaaft. Et hätt een dës Informatioun aus verlässleche Quellen. Dat sot den Alain Schmit en Donneschdeg de Moien am RTL-Interview.

Am Verwaltungsrot vum HRS gouf d'Causa Schummer e Mëttwoch den Owend an engem ausseruerdentleche Verwaltungsrot, dee kuerzfristeg beienee geruff gi war, thematiséiert.

An engem ganz kuerze Schreiwes vun en Donneschdeg de Moien, preziséiert de Verwaltungsrot, dass sech ëm déi intern Impf-Campagne beschäftegt gi wier. Et wier och net richteg ze soen, dass den Dr Claude Schummer, "an de Congé gesat gi wier, mä hie wier einfach zanter e Méindeg a béidsäitegem Averständnis net méi op der Schaff." Weider Prezisioune gëtt et net.

Am Schreiwes steet och, dass et a 5 Fäll Onreegelméissegkeete bei der Impfcampagne gouf. Dat ass d'Resultat vun engem internen Audit. D'Resultat dovun gëtt un de Gesondheetsministère geschéckt, an de Parquet gëtt ageschalt.

PDF: Pressecommuniqué HRS 11. Mäerz 2021

Back to Top
CIM LOGO