D'Doktere solle keng Coronatester fir geplangte Reese verschreiwen, verlaangt d'Santé.

D'Gesondheetsdirektioun huet en Donneschdeg eng Circulaire un d'Doktere geschéckt, déi eis virläit, datt se keng PCR-Tester solle verschreiwe fir Leit, déi an d'Vakanz fuere wëllen. Paperjam hat déi Informatioun en Donneschdeg de Moien als éischt gemellt.

Wa se sou Ufroe géife kréien, sollen d'Dokteren d'Patiente bei déi privat Laboe schécken. Et wier net d'Roll vun den Dokteren, PCR-Tester fir Reesen ze verschreiwen, sou de Santésdirekter Jean-Claude Schmit an der Circulaire.