Elo doheemD'Gesondheetsministesch Paulette Lenert hat um Dënschdeg den Owend e Malaise

RTL Lëtzebuerg
Si koum dowéinst en Dënschdeg den Owend fir eng Kontroll an d'Spidol, huet si eis géigeniwwer confirméiert. Zanter e Mëttwoch ass si nees doheem.

D’Gesondheetsministesch konnt dowéinst och net bei der Pressekonferenz vun der Regierung dobäi sinn. De Xavier Bettel hat hir am Numm vun der Regierung eng gutt Besserung gewënscht.

Wéi d’Paulette Lenert eis sot, géing si sech an den nächsten 3 Wochen erhuelen, iert si den Aarbechtsalldag nees ophëlt.

Hei d’Schreiwes:

Paulette Lenert en voie de rétablissement (25.03.2021)
Communiqué par: ministère de la Santé

La ministre de la Santé, Paulette Lenert, est en voie de rétablissement après un malaise qu’elle a fait en date du 23 mars. Après un bref séjour à l’hôpital pour un contrôle médical, son état de santé s’est rapidement amélioré de sorte que la ministre a pu regagner son domicile où elle se reposera pendant quelques jours.

Back to Top
CIM LOGO