De Staatsministère huet e Méindeg matgedeelt, dass de Gesondheetszoustand vum Xavier Bettel seriö, awer stabel wier.

Wéi de grénge Vizepremier François Bausch am RTL-Interview sot, hätt hien nach e Méindeg Kontakt mam Premier gehat, de Xavier Bettel wier deemno "gudder Déng, och wann hie sech natierlech géif krank spieren". D'Hospitalisatioun wier aus preventiv-medezinesche Sécherheetsgrënn decidéiert ginn; et wier lo net de Moment, fir onnëtz Panik iwwert d'Hospitalisatioun vum Staatsminister ze verbreeden.

De 27. Juni hat hie sech jo direkt an Auto-Isolatioun gesat, nodeems e Schnelltest positiv ausgeschloen hat. E PCR-Test hat dat positiivt Resultat confirméiert. De 6. Mee gouf hien eng éischte Kéier géint de Coronavirus geimpft.

Premier weider am Spidol / Rep. Roy Grotz

De François Bausch huet dann nach emol den Appell un d'Leit lancéiert, fir sech géint de Covidvirus impfen ze loossen.

Nach am Laf vun dëser Woch decidéiert d'Regierung, wéi et mat de Covid-Restriktiounen nom 15. Juli weidergeet. Dem grénge Vizepremier no géif et op kee Fall zu weidere méi souple Mesurë kommen; et géif entspriechend der aktueller sanitärer a virologescher Situatioun gehandelt ginn. Fir iwwert de weidere Covid-Gesetzesprojet ofzestëmmen, muss d'Chamber d'nächst Woch nees an der Plenière beienee kommen.

Schreiwes

Xavier Bettel reste hospitalisé suite à son infection à la COVID-19 (05.07.21)

Communiqué par: ministère d'État

Le Premier ministre, ministre d'État, Xavier Bettel, reste sous observation médicale à l'hôpital suite à son infection à la COVID-19, ceci dû à la persistance des symptômes.
Durant ce weekend, les symptômes observés ne se sont pas atténués, ce qui a mené le Premier ministre à être hospitalisé par précaution. À ce moment, une saturation d'oxygène insuffisante a été diagnostiquée et le Premier ministre est sous observation médicale continue depuis lors.

L'état médical présent du Premier ministre est jugé sérieux, mais stable. Ainsi, le personnel médical entourant le Premier ministre a décidé qu'une hospitalisation reste actuellement nécessaire afin de pouvoir poursuivre l'observation, ceci pour une durée estimée à 2-4 jours.

Afin de garantir au mieux la continuité opérationnelle des affaires courantes, le ministre des Finances, Pierre Gramegna a reçu la délégation de signature. Le Premier ministre continuera à se charger de la coordination des travaux gouvernementaux et assumera ses fonctions par distance.