Journalismus-Expo bei RTLMéi wéi 1.200 Leit hu sech agebadget

Luc Marteling
Ronn sechs Woche war d'Ausstellung "À la recherche de la vérité" um Kierchbierg ze gesinn...vläicht kënnt se nach eemol zeréck op Lëtzebuerg.
"Lügenpresse": Och dee Volet gouf an der Ausstellung behandelt.
"Lügenpresse": Och dee Volet gouf an der Ausstellung behandelt.
© Luc Marteling

"Am Ganzen hunn 1.208 Leit e Badge gebraucht, fir duerch d'Ausstellung ze goen. Dat ass eng imposant Zuel fir esou eng kuerz Period!" De Mann, vun deem dës Wierder stamen, dee muss et wëssen, well den Daniel Maurer ass ee vun de Käpp, déi hannert der Ausstellung "À la recherche de la vérité – Le journalisme et nous" stiechen.

Vu Mëtt September bis den 30. Oktober war déi kleng Expo aus der Schwäiz am Foyer vun der RTL City um Kierchbierg ze gesinn. Extra fir de Grand-Duché war d'Original-Ausstellung ëm e lëtzebuergesche Volet erweidert ginn: ëm Zuelen iwwer de Mediegebrauch hei am Land.

Am Zentrum vun der Expo stinn awer Froen, déi ëm Fakten a Fake News, ëm Desinformatioun a Recherche, ëm d'Aarbecht vu Journalisten a Journalistinnen an natierlech ëm d'Wourecht ginn. Provokant Spréch an en Escape Game an engem "News Room" inclus.

Déi héich Zuel vu Visiteure kënnt ënnert anerem duerch Schoulklassen zustanen: 59 hate sech der ugemellt, domat ware quasi sämtlech Slotte fir eng Visitt ausgebucht.

Ma fir jiddereen, deen d'Ausstellung nach hätt wëlle gesinn, gëtt et eng gutt Nouvelle: Et ass duerchaus méiglech, datt se nach emol op Lëtzebuerg kënnt. Detailer gëtt et zwar nach keng, well nach näischt fix ass, mee zwou Institutiounen hunn Interessi signaliséiert, d'Ausstellung nach eemol vun der Schwäiz op Lëtzebuerg kommen ze loossen. An och d'Nofro schéngt garantéiert...

Vum Grand-Duché hannescht an d'Schwäiz: E Méindeg goufen déi eenzel Statioune vun der Ausstellung a Këschte verpaakt, en Dënschdeg geet et dann nees heem an d'Confoederatio Helvetica.
Vum Grand-Duché hannescht an d'Schwäiz: E Méindeg goufen déi eenzel Statioune vun der Ausstellung a Këschte verpaakt, en Dënschdeg geet et dann nees heem an d'Confoederatio Helvetica.
© Luc Marteling

D'Expo, déi bei RTL ze gesi war, gouf konzipéiert vun der Schwäizer Associatioun Journalistory.ch, d'Uni Lëtzebuerg huet se ëm e lëtzebuergesche Volet erweidert an op Lëtzebuerg bruecht huet se de Service des médias, de la connectivité et de la politique numérique (SMC) vum Staatsministère, dat am Partenariat mat der Schwäizer Ambassade zu Lëtzebuerg.

Nieft dem Vernissage mat villen Éieregäscht huet zum Kaderprogramm och eng Table ronde gehéiert, déi vum Jérôme Didelot vun RTL INFOS moderéiert gouf an un där véier Expertinnen, zwou aus der Schwäiz an zwou vu Lëtzebuerg, deelgeholl hunn. Se gouf op RTL Télé Lëtzebuerg gewisen, hei drënner an och op RTL PLAY kënnt Dir se nach eemol kucken.

Safety First
© RTL

Iwweregens: Iwwer nei Geforen an eiser digitaler Welt informéiert RTL och a senger Campagne Safety First - Secherheet am Internet. Vu Filterblosen iwwer Deepfakes an Desinformatioun bis hin zu Phishing a Cybergrooming kläre mir a kuerze Videoen op. RTL mécht déi Opklärungsaarbecht am Kontext vun EDMO, dem European Digital Media Observatory, an deem RTL Lëtzebuerg och vertrueden ass – an der belsch-lëtzebuergescher Branche BELUX.

© EDMO

Table ronde: Resumé op Lëtzebuergesch a ganz Emissioun op Franséisch

Table ronde vun RTL Infos: Wat kënne mer géint Desinformatioun maachen?
An enger Zäit vu soziale Medien, Kënschtlecher Intelligenz an Deepfakes entsteet ëmmer méi eng "Presomptioun vum Falschen".
Table ronde vun RTL Infos: Wat kënne mer géint Desinformatioun maachen?
An enger Zäit vu soziale Medien, Kënschtlecher Intelligenz an Deepfakes entsteet ëmmer méi eng "Presomptioun vum Falschen".


Artikelen: Invité vun der Redaktioun a Presentatioun

Um Dag vun der Ouverture vun der Expo war de Sascha Helsper, Chef vum MediaCentre vun der Uni Lëtzebuerg, eisen Invité vun der Redaktioun. Am Interview huet hien och 3 Reegele virgestallt, fir besser mat Informatioun ëmzegoen. Hei fannt Dir seng dräi konkreet Rotschléi.


Kuckt hannert d'Kulisse vum Journalismus!
Wéi fënnt een eraus, ob eng Informatioun zouverlässeg ass? Wéi entsteet eng Aktualitéit? A wéi behält een den Iwwerbléck an enger Welt voller Neiegkeeten?


Fotoe vum Roland Miny: Vernissage an Table ronde


Back to Top
CIM LOGO