ACA rechent mat Schied an Héicht vun op d'mannst 120 Milliounen Euro

© Domingos Oliveira / RTL
D'Iwwerschwemmungen hunn den Assurance-Secteur op d'mannst 120 Milliounen Euro kascht. Dat ass déi deierst Naturkatastroph an der Geschicht um Land.
D'Assurancen-Associatioun ACA schwätzt nom Héichwaasser vun engem Schued vun 120 Milliounen Euro. E Chiffer, deen nach kéint klammen. Am Moment kéimen nach all Dag eng 200 bis 250 Deklaratiounen eran, bis ewell iwwer 6.000.
Dat sot de Marc Hengen, Administrateur-délégué vun der ACA am RTL-Interview. Hie schwätzt vun zwou Zorte Schied, Gebaier an Autoen. Eng 1.000 Autoe sinn net méi ze gebrauchen.
Bei den 120 Milliounen ass just Rieds vun deene Clienten, déi géint Héichwaasser verséchert sinn.
Leit déi net extra verséchert sinn hätten e Choix gemaach a missten deen elo leider assuméieren. Bei den Autoe spillt déi kleng Kasko.
D'Assurancë versichen d'Dossieren sou séier wéi méiglech opzeschaffen, sou de Marc Hengen. D'Assurancen hätte vill Reserven, missten awer an sou Situatiounen deels och op Réckversécherer zeréckgräifen
Wann sou Evenementer sech weiderhin heefen, da missten d'Assurancë sech deemno wéi upassen an d'Tariffer fir d'Iwwerschwemmungen héijen, fir dat finanziell gestäipt ze kréien.