E Freideg de Moie gouf an der zoustänneger Chamberkommissioun iwwert den Taliban-Regime an d'Migratiouns- an Asylpolitik geschwat.

Asylpolitik Afghanistan / Reportage: Annick Goerens

Nodeems d'Taliban am Afghanistan d'Muecht iwwerholl hunn an d'Situatioun sech och no den Terrorattentater en Donneschdeg ëmmer weider verschlëmmert, stelle sech eng ganz Rei Froen. Wéi geet et virun a puncto europäesch Migratioun an Asylpolitik a wéi geet een ëm mat den Taliban? Ënner anerem doriwwer goung et e Freideg de Moien an den zoustännege Chamberkommissiounen um Krautmaart.

Humanitär Hëllef soll geleescht ginn – do war ee sech queesch duerch d'Parteibänken eens. Ma wéi geet een elo ëm mat de Leit déi hei ukommen? Wat ass mat deenen, déi eigentlech an de leschte puer Méint uechter d'EU e Refus fir Asyl kruten an déi ee jo elo net méi zeréckschécke kann? A wéi kann een d'Regroupements familiaux organiséieren? Et bleift nach immens vill ze klären. D'Stéphanie Empain vun déi Gréng:

„Vill Leit konnten nach net ausgeflu ginn. D'Flich, déi halen elo op. D'Leit, déi kënnen elo eventuell nach d'Land iwwer de Landwee verloossen. Wa se dat maachen, wou komme se hin? Idealerweis géing een och Opfaangstrukture mat den Nopeschlänner verhandelen, mä natierlech musse mer eis hei och prett maachen, fir Leit kënnen opzehuelen. Et si just eng Hand voll Länner, déi bereet sinn, Leit vun do opzehuelen. Dat ass traureg."

Lëtzebuerg huet eng Responsabilitéit, wéi aner europäesch Länner, fir Leit z'evakuéieren, déi sur place fir d'EU-Institutiounen oder fir d'Nato geschafft oder Leit, déi sech fir Mënscherechter agesat hunn, an dat ass och geschitt. Elo géinge sech awer eng ganz Rei Froe stellen, besonnesch a puncto europäesch Asylpolitik, betount den CSV-Deputéierte Claude Wiseler.

„Wat sinn déi gemeinsam Reegelen, déi mer eis do wäerte ginn an och musse ginn? Et ka jo elo net esou sinn, dass do een Asyl-Tourismus soll entstoen. Dofir ass et enorm wichteg, dass d'nächst Woch probéiert gëtt, zu enger gemeinsamer Reegelung ze kommen. Do zweiwelen ech drun, dass dat richteg ka goen, well mir wësse jo, wat alles an deene leschte Joren op deem Punkt lass war. Mä wichteg ass awer elo mol ze klären, fir déi Leit, déi an de leschte Méint ee Refus kruten, fir hir Asylprozedur ofzeschléissen, zu Lëtzebuerg an och an anere Länner, wou et jo evident ass, dass mer se net kënnen an Afghanistan zeréckschécken, dass mer zumindest do eng gemeinsam Reegelung fannen, wéi mer an Europa mat deene Leit ëmginn."

RTL

© AFP

Do géing sech natierlech och nach d'Fro stellen, wéi ee mat de Regroupements familiaux ëmgeet, sou de Claude Wiseler. Humanitär Hëllef soll geleescht ginn, do war ee sech queesch duerch d'Parteibänken eens. Wou den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser awer net mat der Regierung averstanen ass, ass a puncto Migratiounspolitik.

„Dem Här Asselborn seng Positioun, fir Leit an Europa ze bréngen, déi hunn nach 4 bis 5 aner Länner an der ganzer Europäescher Unioun. Déi aner droen déi Politik guer net méi mat. An och d'slowenesch Presidence hat scho gesot, dass eng nei Flüchtlingswell an Europa guer net géing a Fro kommen. Also do ass den Här Asselborn ganz minoritär a mir vun der ADR gesinn do éischter, dass d'Positioun vun den anere Staate méi vernënfteg ass. Wat mir proposéiert hunn a wat och aner Staate proposéieren, dat ass, dass mer elo den Haut Commissariat pour les Refugiés vun der Uno massiv ënnerstëtzten, fir déi Leit an der Regioun opzefänken a fir hinnen do ze hëllefen an Zesummenaarbecht mat Iran, Pakistan asw. Dat ass e vill méi realisteschen Usaz an et ass och dat, wat elo gebraucht gëtt."

Well de Fluchhafe jo elo och méi séier zougeet wéi geplangt, misst een op alle Fall nach Weeër fannen, fir all déi Leit z'evakuéieren, déi do gewaart haten, fënnt den Deputéierte vun de Pirate Marc Goergen.

"Dat heescht, elo muss et mol sinn, dass mer an der Grenzgebidder Méiglechkeete schafen an dat ganz schnell, dass do Grenzen op sinn, dass d'Leit do kënnen op d'mannst mam Auto oder ze Fouss kënne flüchten, wann de Fluchhafen zou ass, well mir ginn deene Leit soss keng Méiglechkeet méi, fir iergendwéi do fortzekommen. Dat heescht, d'Prioritéit muss elo sinn, dass den Ausseministère, d'ganz EU, kuckt, dass déi Grenzen opbleiwen, fir dass awer op d'mannst déi Leit, déi eraus mussen, nach kënnen iwwer de Landwee erauskommen."

RTL

© US MARINE CORPS/AFP/Samuel RUIZ

Wéi soll Europa elo an Zukunft mat den Taliban ëmgoen? Dat ass eng Fro, déi verschidde Parteie ganz aneschters gesinn. D'Positioun vun der CSV ass kloer, erkläert de Claude Wiseler:

„Sou laang international Reegelen a Mënscherechter net agehale ginn, eng Unerkennung net kann a Fro kommen. A wat déi humanitär Hëllef sur place ugeet, do sinn ech der Meenung, dass humanitär Hëllef duerchaus nach kann an Afghanistan gemaach ginn, mä dat huet zwou Konditiounen. Dat éischt, dat ass, dass een absolut sécher ass, dass dat Geld, wat als humanitär Hëllef dohinner geet, bei déi richteg Leit ukënnt. An dat zweet dat ass, dass déi Sécherheetskonditioune vun deenen, déi nach um Terrain bereet sinn ze schaffen, och erfëllt sinn."

Taliban unerkennen oder net? / Rep. Annick Goerens

D'Entwécklungshëllef kéint awer aktuell net virugoen, well een net mam Taliban-Regime kéint kooperéieren, sou de Claude Wiseler. D'ADR gesäit dat e bëssen anescht. Iergendwann eng Kéier misst een eng Aarbechtsrelatioun mat hinnen hierstellen, erkläert de Fernand Kartheiser:

„Wa mer humanitär Hëllef oder och Sécherheetspolitik, Preventioun vun Terrorismus, da musse mer iergendeng 'relation de travail' mat deene Leit hunn, wéi och d'Amerikaner se hunn an anerer. Ech mengen, et ass net méiglech, e Regime wéi d'Taliban, och wann een en net gären huet, z'ignoréieren. Dat geet net. Grondleeënd ass einfach drun z'erënneren, dass mir – dat war op jiddwer Fall ëmmer d'Doktrinn vun de westleche Staaten, mat Ausnam vun den USA an do musse mer oppassen, dass mer net an déi Richtung kommen...Mir erkenne Staaten un, mir erkenne keng Regierungen un."

Dat wär e wichtegen Ënnerscheed. Lëtzebuerg hätt Afghanistan als Staat unerkannt an dofir misst een och mat deenen zesummeschaffen, déi d'Muecht hunn, erkläert den ADR-Deputéierten.