Eng Momentopnam - Tëscht Intensivstatioun a Marche Blanche
Zu Ettelbréck leien den Ament 5 Covid-Patienten op der Intensivstatioun. De selwechten Dag gi ronn 2.000 Leit op d'Marche Blanche a fuerdere Fräiheet.
Et ass eng Momentopnam vum 12. November 2021. Et sinn zwou Welten, allebéid a wäisser Kleedung. Am Ettelbrécker Spidol leien den Ament 5 Covid-Patienten op der Intensivstatioun. Et si just nach 2 Better fräi an et fäert een, rëm mussen Operatiounen ofzesoen. D'Personal op der Intensivstatioun schwätzt vun enger staarker Belaaschtung. Et wier net einfach ze gesinn, wéi Covid-Patienten op hirer Rea-Statioun hire Famillen iwwer FaceTime Äddi soen a quasi eleng musse stierwen.
De selwechten Dag gëtt owes déi 5. Marche Blanche Silencieuse organiséiert. E Freideg den Owend waren zwar däitlech manner Leit do, wéi op der leschter Marche Blanche, an awer si ronn 2.000 Leit vun der Philharmonie aus a Richtung Knuedler getrëppelt.
Wärend een am Ettelbrécker Spidol Solidaritéit an Ënnerstëtzung freet, gëtt op der Marche Blanche no Fräiheet a Wourecht geruff.
Am Ettelbrécker Spidol stellt ee sech op e weidere Covid-Wanter an
D'Situatioun wier net méi sou chaotesch wéi um Ufank vun der Pandemie, ma awer rechent een am Ettelbrécker Spidol och dëse Wanter nees mat genuch Covidpatienten. D'Infirmierspersonal stellt sech op ustrengend Méint an, esou de Christophe Dohm, Infirmier anesthésiste: "Et ass déi véiert Well, et gëtt deen zweete ganze Wanter, deem mir an d'Gesiicht kucken. Et ass November, et kann een dovun ausgoen, dass wa mer Pech hunn, déi Well bis Mäerz unhält. Déi Aarbecht ass extrem belaaschtend. D'Leit soen ëmmer, dat wier eise Beruff. Mir sinn och gär bereet, deen ze maachen, mä et dierf een net vergiessen, dass mir e Surplus maachen."
Op dësem Freide si scho 14 vu 16 Intensivbetter besat. 5 vun dëse Better si vu Covid-Patiente beluecht. Wann nach Covid-Patienten dobäi kéimen, géing et enk ginn, erkläert den Anästhesist Thomas Manderscheid.
"Da si mir séier an der Situatioun, dass mir net méi weiderkommen an eis normal Aarbecht net méi kënne maachen. No verschiddenen Operatioune mussen d'Leit op d'Intensivstatioune geluecht ginn, an natierlech kann et och ëmmer Komplikatioune ginn. Et ass kee schéint Gefill, wann Dir musst schaffen an Dir hutt keen Intensivbett."
Den Thomas Manderscheid kann d'Marche Blanche an hir Fuerderung no Solidaritéit net verstoen:
"Ech fannen dat maximal onsolidaresch mat eisem Personal, mat deem wat mir hei un Aarbecht geleescht hunn zanter 18 Méint an och nach leeschte wäerten. Mir hunn extrem Belaaschtunge bei den Infirmiere festgestallt, physesch a psychesch. Wann ech da Leit gesi fir Solidaritéit demonstréieren, froen ech mech, fir wéi eng Solidaritéit. Fir hir eege Solidaritéit, awer net fir d'Bevëlkerung."
Präventiv confinéiert d'Ettelbrécker Spidol och eng Partie vun enger anerer Statioun mat 12 Better, fir Covid-Patienten, déi net mussen intubéiert ginn.
E Post vum Ettelbrécker Spidol
Op der Marche Blanche hu ronn 2.000 Leit no Fräiheet geruff.
Lass goung et um 19 Auer virun der Philharmonie. A wäisser Kleedung mat Ballonen a Lampione sinn d'Leit du bis op de Knuedler getrëppelt.
D'Marche Blanche gouf als Manifestatioun bei der Stad Lëtzebuerg ugemellt a gouf och autoriséiert. Dat huet d'Stad Lëtzebuerg confirméiert. Encadréiert gouf d'Marche Blanche da vun der Police. Dës huet och am Virfeld an engem Schrëftleche Statement matgedeelt, dass d'Mask op esou enger Manifestatioun obligatoresch ass. D'Police huet an deem Kontext e Freideg den Owend präziséiert, dass bei Verstéiss géint d'Maskeflicht e Rapport un d'Santé ka geschriwwe ginn.
























































































Laang hu sech d'Organisateure vun der Marche Blanche net z'erkenne ginn. Fir déi 5. Marche Blanche e Freideg den Owend gouf fir déi éischte Kéier e Pressecommuniqué geschéckt, wou awer keng Nimm erauszeliese waren. Méi Detailer zum Communiqué fannt Dir hei. Op Nofro hin, huet sech kuerzfristeg ee vun den Haaptacteuren vun der Marche Blanche fir en Interview bereet erkläert, dee sech no bausse betount conciliant gëtt.
Am Communiqué ass ëmmer ërem ze liesen, dass -Zitat - "ënnert dem Virwand vun enger Gesondheetskris" verschidde Rechter géinge verletzt ginn. Dass mir den Ament an enger weltwäiter Pandemie sinn, bestreit de Ben Moubamba net, ee vun den Haaptacteure vun der Marche. An erkläert d’Formulatioun vum Communiqué esou:
De Pretext ass eng Formule, déi d’Regierungen an d’Autoritéite soll drun erënneren, dass si net kënnen eppes maachen, ouni jidderee mat anzebezéien. Well et ass dat wat d’Charte vun de fundamentale Rechter vun der europäescher Unioun seet.
Op dës Charte géing sech d’Marche Blanche Silencieuse stäipen.
Weider Recherchen hunn erginn, dass de Ben Moubamba a sengem Heemeschtsland Gabun Vizepremierminister war an du wéinst engem Litige aus der Politik ausgeschloss gouf. Eegenen Aussoen no ass hien am Gabun nach ëmmer vill politesch aktiv. Den Ament ass hie Resident hei am Land.
Säin Engagement bei der Marche Blanche Silencieuse wier fir d’Fräiheet, sech impfen ze loossen oder och net. Sengem Jong huet hien esou geäntwert:
"Ech, däi Papp, wäert mech net impfe loossen. Och wann s du mech e Verschwörungstheoretiker nenns, wat ech net sinn. Ech wäert Tester maachen, och PCR-Tester an de CovidCheck maachen. Mä erlab et mir, dass ech mech net impfe loossen. Deng Mamm ass geimpft, deng Geschwëster an du och, mä dir kënnt mech net zwéngen, mech impfen ze loossen. An dat heescht och zesummeliewen."
Dass bei der Marche Blanche awer och Leit matginn, déi ofstreiden, dass et eng Pandemie gëtt oder dass d’Personal an de Spideeler däitlech méi iwwerlaascht ass wéi soss, misst een hinhuelen an informéieren.
"Et ass och meng Aufgab, d'Espriten ze forméieren an hinnen ze soen, passt op, dat doten ass menger Meenung no richteg an dat doten net. Als Intellektuellen ass dat mäi Devoir a meng Flicht, dat ze maachen. Mä op der Marche Blanche Silencieuse gi mir net géint d'Gesetzer oder d'Reglementer."
Als Argument sot de Ben Moubamba, dass et kee Gesetz géint Verschwörungstheorië gëtt. Wie genee nach zu den Acteure vun der Marche Blanche Silencieuse gehéiert, bleift onkloer. Esou wéi och wéi eng verschidde Stréimungen ënnert de Leit, déi matginn, vertruede sinn.
Ausserdeem huet de Ben Moubamba nach preziséiert, dass den Numm och näischt mam Mouvement aus der Belsch ze dinn hätt, deen och Marche Blanche heescht a vun den Eltere vun den Affer vum Marc Dutroux an den 90er Joren an d’Liewe geruff gouf.