D'Demonstrante si vun der Philharmonie um Kierchbierg bis bei d'Chamber getrëppelt.

E Sonndeg war an der Stad fir d’6. Kéier déi sougenannt «Marche Blanche» géint déi aktuell Corona-Politik a Covid-Mesuren.

Et si manner Leit matgetrëppelt wéi nach viru 14 Deeg, dat vun der Philharmonie duerch d’Grouusgaas bis bei d’Chamber.

D’Manifestanten hate sech den 1. verkafsoppene Sonndeg viru Chrëschtdag an der Stad fir hire Protest erausgesicht.

D'Marche Blanche (6. Editioun)
Hei de Rassemblement um Krautmaart.