Dat äntwert déi gréng Kulturministesch der bloer Deputéiert vun Iechternach Carole Hartmann.

Um Site vun der fréierer "Petite Marquise" am Zentrum vun Iechternach ass eréischt en Deel vun den archeologeschen Ausgruewungen ofgeschloss, sou datt dësen Terrain nach net kann haut a muer als nationaalt Monument klasséiert ginn.

Zukunft Petite Marquise - Reportage Fanny Kinsch

Wéi et vun der grénger Kulturministesch Tanson heescht, krut den Iechternacher Gemengerot ewell zwee Mol den Delai verlängert, fir en Avis iwwert d'archeologesch Decouverten ofzeginn.

Dësen Avis gëtt awer gebraucht, fir datt de Regierungsrot kann eng Decisioun huelen, ob de Site ze klasséieren ass oder net. Eréischt Enn Januar wäerten d'Ausgruewungen am Beräich vum Haapthaff ofgeschloss sinn, duerno muss dann an der "basse-cour" nach gegruewe ginn. Dat kascht natierlech alles nach seng Zäit.

Elo ewell ass et der Iechternacher Gemeng méiglech, e Projet fir d'Ex-Petite-Marquise auszeschaffen, wann de Site awer klasséiert a protegéiert gëtt, muss dann eng Autorisatioun vum Kulturministère ofgewaart ginn. Dee selwechte Ministère seet sech awer och bereet, der Iechternacher Gemeng finanziell ënnert d'Äerm ze gräifen, awer nëmmen, wa sech decidéiert gëtt, an de Site z'investéieren mam Zill, déi archeologesch Decouverten ze valoriséieren a se dem Public accessibel ze maachen.

Dat äntwert d'Ministesch Tanson der bloer Iechternacher Conseillère an Deputéiert Carole Hartmann, déi via parlamentaresch Fro Äntwerte wollt a gemengt hat, datt de Kulturministère d'Gemeng Iechternach géif hinhalen.