Xavier Bettel wëll Impfflicht-Debat ufanks Januar
© RTL
Debattéiert wäert iwwert d'Aféiere vun enger sektorieller oder universaler Impfflicht ginn.
De Staatsminister huet dës Woch e Courrier un d'Chamber adresséiert, fir datt d'Parlament uganks Januar eng Consultatiounsdebatt iwwert eng sektoriell oder universal Impfflicht organiséiert. D'Regierung wéilt op Basis vun deem Debat e Gesetzprojet ausschaffen, fir eng legal Basis fir eng Impfflicht zu Lëtzebuerg anzeféieren.
Wéinst der Urgence géif sech de Premier Xavier Bettel wënschen, datt den Debat schonn an der Sëtzungswoch nom 7. Januar géif op den Ordre du jour geholl ginn. D'Regierung kéint duerfir och eng Synthees ausschaffen, fir datt d'Deputéiert sech fir dësen Datum kéinte preparéieren.
Beim Vott vum leschte Covid-Gesetz hat sech déi gréissten Oppositiounspartei CSV fir eng allgemeng Impfflicht géint de Coronavirus ausgeschwat. D'Majoritéitsparteien haten op Hellegowend hirersäits eng Motioun fir eng Consultatiounsdebatt deposéiert. Vum Premier hat et deen Ament geheescht, d'Justizministesch Sam Tanson wier amgaang, un engem Gesetzprojet fir eng Impfflicht ze schaffen, dee fir de Consultatiounsdebat soll prett sinn.